Commentaire vum Roy GrotzDe soziale Bam brennt geschwënn zerguttst

Roy Grotz
D'Neijoerschwënsch, déi um Dënschdeg am Staatsministère tëscht dem Premier an de Syndikaliste Back an Dury ausgetosch goufen, ware sécher pragmatesch a betount kill, well all Säit weess, datt dëst neit Joer determinant gëtt. Determinant, wéi d'sozial Ambiance am Land wäert ausgesinn - de Roy Grotz kommentéiert.

Commentaire vum Roy Grotz

Jo, déi léif Ambiance - et ass d’Fro, ob et rubbelt bannent der Gesellschaft an et zu soziale Konflikter wéinst der Prerogativ fir d’Aushandele vu Kollektivverträg, erweiderten Ouvertureszäiten a Sonnestonnen an dem Hantéieren um Pensiounssystem kënnt - oder ob am Dialog mateneen no Léisunge gesicht gëtt.

Um kale ronne Marber-Dësch souze sech d’Vertrieder vun de gewerkschaftlech organiséierte Salariéen an den Ex-President vun der Chambre de Commerce géintiwwer an et war eriwwer mat der Häerzlechkeet.

Séier gouf kloer, wat d’Regierung ënner Sozialdialog versteet: no ze lauschteren - jo - schéin a gutt - mee dann awer eegemächteg Decisiounen ze huelen.

Passé sinn d’Zäiten, wou sech d’Ressortministeren am Virfeld vu Reunioune mat Gewerkschaften a Patronat beienee gesat hunn, fir dunn an der Diskussioun e Konsens ze fannen - hei ass d’Aféiere vun der politique vum “Fait accompli”, mol net duerch d’Hannerdier, mee en public affichéiert.

D’Gewerkschaftler riskéieren zu Statisten ze verkommen op engem Sozialdëschelchen, eng Form Mini-Tripartite fir Net-Krisen-Zäiten, wou bei Kaffi a Kuch geselleg ausgetosch gëtt an dann d’Politik d’Decisiounen hëlt - jo, duerfir si se gewielt, mee genee sou - Nee, dat entsprécht net dem Lëtzebuerger Geescht vu Konsens a Mateneeschwätzen, deen déi lescht 5 Joerzéngte soignéiert an applizéiert gouf.

D’CGFP, déi - oh Wonner - net beim Premier um Rendez-vous war, weist u sech wéi een et mécht: Si handelt aktuell mam Minister Wilmes de Gehälteraccord aus, deen dann am Fréijoer als faarwegt, gutt gefëllt Ouschteree wäert am Nascht vun de Staatsbeamte leien - sou geet Verhandelen - sou mécht een dat richteg.

OGBL an LCGB setzen dann awer léiwer op de Pouvoir, dee si duerch hir Memberen hunn a fuerderen - zu Recht - datt mat (!) hinne geschwat gëtt an zesummen aarbechtsrechtlech Léisunge fonnt ginn - an net géint si.

Sief dat an den ernimmten Dossieren, wou Kaméidi am Stot ass oder och bei der ugestriefter Pensiounsreform, wou nom “Schwätz mat” elo d’Stonn vun den Experten a Politiker schléit. An och hei: Amplaz Angscht bei de Leit wëllen ze provozéieren a mam Fanger op Frankräich an Däitschland ze weisen, géif ee gutt drun doen, sech beieneen ze sëtzen, fir d’Recetten an d’Pensiounskeese spruddelen ze doen an d’Systemer vu Privé a Staat beieneen ze féieren - well wann d’Leit eppes net kënnen ausstoen, sinn et Ongerechtegkeeten a genee déi ginn et an deene Systemer. Et gëllt also ewechzekomme vun de Polit-Egoen a mateneen an éierlech Debatten ze trieden, éier de Bam sou richteg brennt a nëmmen nach Pompjeeën a Mediateure gesicht ginn.

Back to Top
CIM LOGO