Commentaire vum Monica CamposeoDéi Jonk wëllen net schaffen an hänke just doruechter… Ma haalt dach endlech op domadder!

Monica Camposeo
Déi Jonk wëllen net schaffen a si just nach um Handy an Online ënnerwee. Si sinn all faul a verwinnt. De Generatiounekonflikt gouf et schonn ëmmer. Ma e Perspektivewiessel kéint hëllefen, fir déi Jonk besser ze verstoen. Net just elo, kuerz virun de Feierdeeg, mee allgemeng misste mer all mol méi verstänneg matenee sinn, fënnt d’Monica Camposeo am Commentaire vun haut.
© RTL

Generatiounekonflikt / Commentaire vum M. Camposeo

Déi Jonk fuerdere vill. Eng besser Work-Life-Balance, e fairt Bezuelen oder Mesurë géint de Klimawandel. Schrecklech ustrengend si se an da wëllen se souwisou jo mol net schaffen. Natierlech denkt net all Eeleren esou. Mee vill ze dacks héiert een awer béis Virurteeler géintiwwer deene Jonken.

“Solle mol eppes leeschten amplaz ëmmer nëmmen ze fuerderen” – dat hunn ech viru Kuerzem nach ënnert engem RTL-Artikel gelies, an deem et ëm d’Jugendassisë goung. Also dorëms, deene Jonken eng Stëmm ze ginn. An dat ass just ee Beispill vu sëllege Commentairen, déi reegelméisseg kommen, wann et ëm déi jonk Generatioun geet. Ech resuméieren also: Wa Jonker sech engagéieren, sech u Jugendassisë bedeelegen oder op d’Strooss ginn, fir d’Klima ze retten, da fuerderen se ze vill. Hänken se just um Handy, da si se faul a leeschten näischt...

Mä wann ee sech d’Realitéit vun haut ukuckt a mol e Perspektivewiessel wot, da gëtt séier kloer, dass déi jonk Leit aktuell virun Erausfuerderunge stinn, déi et esou nach ni gouf. Déi Jonk fuerderen esou vill, well näischt méi sécher ass.

Wärend d’Leit “fréier” sécher waren, dass si no der Aarbecht kee méi urifft a freet, nach eng Mail ze schreiwen, ass dat haut einfach net méi esou selbstverständlech. Wärend sech eng Famill “fréier” mat just enger Paie – och enger klenger – eng Wunneng oder en Haus konnt kafen, ass dat haut net méi méiglech. An och mat zwou Paie fir vill Leit ëmmer nach schwéier.

Dacks gëtt der jonker Generatioun reprochéiert, verwinnt zu sinn. An onfäeg de Rimm méi enk ze zéien. Ma dat kënnt dohier, dass vill Jonker d’Gefill hunn, spuere bréngt souwisou näischt. Vill Idealer vu “fréier” schéngen nämlech onerreechbar, wéi eben d’eegent Heem. Oder huele mer zum Beispill de Motto “Vill Schaffe fir eng gutt Pensioun”. Déi rezent Diskussiounen iwwer d’Pensiounsreform klénge fir e Jonken net grad zouversiichtlech. Net just well vu méi laang schaffe Rieds ass, mee virun allem, well esou villes nach komplett onkloer ass. Sécher ass awer, dass de System esou wéi e laang war an nach ass, net méi opgeet. Besonnesch fair ass dat net.

D’Onsécherheet gëtt och duerch déi sëllege Krisen a Kricher verstäerkt. Wärend d’80er an 90er vun engem Gefill vun Opschwong gedroe goufen, kréie vill Jugendlecher elo d’Suergen ëm d’Zukunft mat. Wou steiere mer hin? Kënnt eng Militärflicht, wéi se an Däitschland schonn diskutéiert gëtt? Wéi stabel ass d’EU? Riskéieren eis Prinzippien an oppe Grenzen duerch eng nächst Pandemie erëm a Gefor ze geroden?

Et ass falsch, ëmmer nees mam Fanger op eng ganz Generatioun ze weisen. Déi souwisou esou ass wéi si ass, well d’Welt esou ass wéi si ass. Un de Problemer vun haut si sécher net déi Schold, déi elo eréischt ufänke wielen ze goen. A virun allem muss déi eeler Generatioun, an dozou gehéieren nu mol och eng ganz Rei Politiker, ufänken, déi Jonk eescht ze huelen an d’Suergen a Fuerderungen unzeerkennen. Mir brauchen eng Politik, déi sech traut, kuerzfristeg d’Wielerstëmme fir eng laangfristeg Gerechtegkeet opzeginn. An eng Gesellschaft, déi zesummenhält, fir dass déi, déi nach eng laang Zukunft viru sech hunn, manner Angscht a méi Perspektive gesinn.

Back to Top
CIM LOGO