Commentaire vum Diana HoffmannDéi onendlech Bommeleeër‑Affäre: E Klotz um Bee vun der Justiz

Diana Hoffmann
Bal 40 Joer no de Bommenattentater an den 1980er Joren an 11 Joer zanter den éischte Geriichtsverhandlunge géint zwee fréier Gendaarme gouf elo nees verhandelt. Mee bréngt dës Fortsetzung eppes, freet sech d'Diana Hoffmann a sengem Commentaire?
© RTL

Eng Fro, mat där ech wuel net eleng sinn. Mee vu vir: Et muss ee sech emol nach eng Kéier op der Zong zergoe loossen. Bal 30 Joer no den Attentater kënnt et zu engem Prozess, dee wéinst ville Widderspréch no 177 Verhandlungsdeeg ausgesat gouf. 11 Joer méi spéit dann den aktuelle Bommeleeër-bis-Prozess wéinst de presuméierte Falschaussoen. Vill Zäit, wou Erënnerunge verschwannen, Leit stierwen an d’Wouerecht ëmmer méi verniwwelt gëtt.

40 Joer huet kee geschwat. Do kann ee sech froen, ob e Geriichtsprozess haut nach eppes wesentlech Neies kann opdecken, woumat een deenen, déi bei den Attentater d’Fiedem gezunn hunn, oder selwer eng Bomm geluecht hunn, op d’Spuer kënnt. En plus huet sech den aktuelle Bommeleeër-bis-Prozess jo och iwwerhaapt net géint déi presuméiert Bommeleeër geriicht, mee géint Ermëttler vun der Sûreté a Gendaarmen aus där Zäit.

Kloer, et gouf net vill Choix, dëse Prozess ze féieren. D’Gerechtegkeet verlaangt, dass Persounen, déi ënner Eed falsch Aussoe maachen, viru Geriicht gestallt ginn. Wollte si duerch hir Aussoen, déi Ugeklote belaaschten oder entlaaschten? Nom Ofschloss vun dësem Prozess ass een awer, an der Bommeleeër-Affär, um Enn net ganz vill méi wäit wéi virdrun. D’Auer tickt.

Dass d’Majoritéit vun den Ugeklote méi weess, wéi se soten, do sinn ech ganz beim Parquet. Wéi d’Procureur d’état adjoint et ausgedréckt huet: “Et ass mat der Justiz Schlitt gefuer ginn”. Mee kënnen d’Ugekloten elo wéinst Falschaussoe fest Prisongsstrofe kréien? Kann hinne wierklech bewise ginn, dass se wärend dem Bommeleeër-Prozess no bal 30 Joer Saache woussten, oder net? Kann ee soen, se hätte misse wëssen? Am Zweifel fir den Ugekloten. E méiglecherweis méi wäitreechenden Uklopunkt wier jo dee vun der Justizbehënnerung gewiescht. Ma d’Chambre du Conseil huet dësen net zréckbehalen.

Wat bleift, si Jorelaang akribesch Rechercheaarbecht an 13 Deeg Prozess. Käschte fir de Steierzueler an déi Ugekloten. Mat groussem Opwand gouf vun den Enquêteure vun der Police a vum Parquet versicht, d’Wourecht vun der Ligen ze trennen. All dat huet nees vill ze vill Zäit kascht. Op en Aveu vun engem Ugekloten oder nei Elementer an der Enquête ze hoffen, war vun Ufank un éischter Wonschdenken. Fir de Bommeleeër-Prozess, deen elo muss sou séier wéi méiglech weidergoen, ware sech aus dësem Prozess eigentlech keng nei Elementer z’erwaarden. Onverständlech bleift fir Leit, déi de Prozess suivéiert hunn, wisou verschidde Persoune sech net mussen oder ni hu mussen als Ugeklote viru Geriicht erklären.

D’Bommeleeër-Affär ass e Léierbuch-Beispill, wat passéiere kann, wann d’Gewaltentrennung an engem Land net méi funktionéiert. Terrorismus ouni Täter? Et ass net ze hoffen, mee awer ze fäerten, dass d’Bommeleeër-Affär dee gréissten ongeléiste Kriminalfall an der Lëtzebuerger Geschicht wäert bleiwen. Déi ganz Wourecht wäerten eng Partie Leit mat an d’Graf huelen.

Fir mat de Wierder vun der zoustänneger Procureur ofzeschléissen: “Egal, wat hei erauskomme wäert, et ass d’Aufgab vun all Parquet an all Untersuchungsriichter, dofir ze suergen, datt esou eppes net nach eemol geschitt”.

Back to Top
CIM LOGO