De Commentaire vum Annick GoerensDéi subtil Gefor vun der KI

Annick Goerens
Déi Kënschtlech Intelligenz huet dës Woch alt nees iwwerall fir Opreegung gesuergt. D'Fäegkeete vun der KI huelen extrem séier zou an domat och d'Warnungen: d'KI kéint den Internet dominéieren a Mënschen ëmbréngen. Dat ass iergendwann eventuell méiglech, mee d'Gefor vun der KI ass wäitaus méi subtil, fënnt eis Journalistin Annick Goerens an hirem Commentaire.
© RTL

Ee KI-Kollektiv, deen eis dominéiert an d'Mënschheet ausläscht. Roboter, déi onkontrolléierbar sinn. Dat sinn déi filmräif Horror-Zenarien, déi aktuell iwwerall d'Ronn maachen. De Chef vun der amerikanescher Firma Anthropic fuerdert eng Brems an der KI-Branche, also méi Zäit fir Sécherheet an d'Entwécklung vun de Systemer. Iwwerraschenderweis stëmmen de Space X-Grënner Elon Musk an de CEO vun OpenAI, dem gréisste Konkurrent vun Anthropic, direkt zou.

De Commentaire vum Annick Goerens

Et ass natierlech eng gutt Marketing-Strategie, e puer Wochen iert Anthropic soll op d'Bourse goen. Et geet ëm Milliarden. An eng iwwermächteg KI mécht bestëmmt eng besser Entrée op der Bourse wéi flappseg Roboter, déi iwwer hir eege Féiss falen. All déi Virfäll, déi an de leschte Woche gemellt goufen, dass KI-Systemer sech selbststänneg gemaach hunn a sech géint d'Instruktioune vun hirem Bedreiwer gesat hunn, musse mer eescht huelen. Mee de Problem ass, dass déi meescht vun dësen Experimenter hannert zouenen Dieren an den USA an a China geschéien. Déi grouss KI-Entreprisë kontrolléieren d'Modeller, d'Tester an d'Informatiounen, déi si doriwwer verëffentlechen. An och d'EU huet keen Accès zu weideren Informatiounen. Washington hat den Zougang zu engem neien Anthropic-Modell fir Benotzer ausserhalb vun den USA limitéiert.

Ech wëll elo net déi potentiell Muecht vun enger KI klengschwätzen. Se kann héich-komplex Problemer léisen, programméieren, Systemer hacken. An wa se "rogue" gëtt, also ouni Kontroll mécht wat se wëll, da kënnen esou Horror-Zenarien iergendwann effektiv eng Realitéit sinn. Genee dowéinst ass d'Politik gefuerdert. Et brauch strikt Reegelen, Transparenz an onofhängeg Sécherheetskontrollen. A virun allem en Noutfallplang. Eng Méiglechkeet enger KI, bildlech geschwat, de Stecker ze zéien, wa se ausser Kontroll geréit.

Mee dat ass aktuell net dat, wat mir am meeschte Suerge mécht. Ech zerbrieche mer aktuell de Kapp doriwwer, dass déi Kënschtlech Intelligenz fir eis Gesellschaft d'Denken iwwerhëlt. Firwat nach e laangen Text liesen, wann d'KI an e puer Sekonnen alles resuméiere kann? Firwat e Problem analyséieren, wann ee KI froe kann "Wat soll ech elo maachen?" Firwat eppes léieren, wann d'Maschinn jo ëmmer d'Äntwert huet?

Mir verléieren also net onbedéngt d'Wëssen u sech, mee virop d'Fäegkeet selwer ze denken, ze analyséieren an Entscheedungen ze huelen, ouni eng KI hannendrun. D'Versprieche vun der Kënschtlecher Intelligenz ass Entlaaschtung. Si soll eis Aarbecht iwwerhuelen, se méi séier a méi effikass maachen. Mee à quoi bon?

Fir datt mir méi Zäit fir dat Wichtegt hunn? Dat wier schéin. Mee eis Geschicht weist éischter eppes anescht. Mat all Entlaaschtung kommen nei Aufgaben a Verflichtungen. Mir wäerten nees e Stéck méi séier am Hamsterrad dréinen. A wie profitéiert dann nees vun där méi grousser Effizienz? Alt nees Tech-Milliardären a CEOe vun Entreprisen, déi nach méi räich ginn, wärend vill Leit hir Aarbecht wäerte verléieren. Och dat ass eng Realitéit, déi elo nach méi no läit wéi mäerderesch Software.

Back to Top
CIM LOGO