Commentaire vum Monica CamposeoKI-Noutbrems: Mir mussen och muer nach denke kënnen

Monica Camposeo
Eng Noutbrems fir d’Kënschtlech Intelligenz? Dat huet de Chef vu Microsoft, de Satya Nadella, de Weekend an engem Statement op der Plattform X gefuerdert. Vill Medien hunn dat a kuerze Meldungen opgegraff. D’Thema intresséiert a veronséchert gläichzäiteg. Vill méi wéi eng Noutbrems bräicht et eng 30er-Zon, fënnt d’Monica Camposeo am Commentaire vun en Dënschdeg.
D'Monica Camposeo fënnt: Mir mussen och muer nach denke kënnen
© Pedro Venancio

De Commentaire vum Monica Camposeo

KI ass iwwerall. Egal ob am Privatliewen oder an der Aarbechtswelt. An natierlech ass dat super praktesch. An och eng grouss Chance, fir sou munches ze optiméieren an de Mënsch op ville Fronten ze entlaaschten.

Problematesch gëtt et awer, wa sech déi ganz Diskussioun just nach dorëms dréint, wéi mer mat der KI kënne méi séier ginn, méi effizient, méi bëlleg. Fir nach kënne matzehalen, muss ee quasi KI notzen. Wann alles ëmmer méi séier muss sinn a Quantitéit iwwer Qualitéit steet, bleift keng Zäit méi, fir selwer nozedenken.

Dat riskéiert, sech an der Mentalitéit vu ville Leit erëmzespigelen. Sief et bei deene Jonken, déi an der PISA-Etude uginn hunn, reegelméisseg eng KI fir hir Hausaufgaben ze notzen. Sief et bei manner jonke Leit, déi d’KI froen, wéi si e Medikament sollen anhuelen, amplaz de Beipackziedel ze liesen. Villes brauch een einfach net méi selwer ze maachen, wie sech d’Méi nach mécht, gëtt séier als Boomer ofgestempelt oder ass einfach ze domm fir mam Fortschrëtt matzegoen. Dat ass natierlech iwwerspëtzt ausgedréckt, mee esou kléngt dacks den Tenor an den Diskussioune ronderëm d’Notzung vu KI.

Dobäi geet et jo net dorëms, fir oder géint eppes ze sinn. Mee et geet ëm d’Aart a Weis. Lästeg Aufgaben delegéieren ass déi eng Saach, net méi selwer nodenken ass par contre eng Gefor. Besonnesch bei deene Jonken, déi elo nu mol mam stännege Wandel an ëmmer méi a besseren Technologien opwuessen, musse mir als Gesellschaft de klore Message vermëttelen, dass et wichteg ass, Allgemengwëssen ze hunn. Sproochen ze kënnen, Kapprechnen, a ganz besonnesch: kritescht Denken. Als Beispill: En Text vun enger KI vum Däitschen an d’Franséischt iwwersetzen ze loossen, geet séier. Et kann een d’Propos dann och iwwerpréiwen an upassen. Mee dëse leschten an onbedéngt noutwennege Schrëtt geet nëmmen, wann een och Franséisch kann. An eng Sprooch léiert ee just, wann een d'Hausaufgaben net ëmmer vun der KI maache léisst.

Wann de Chef vu Microsoft also eng KI-Noutbrems fuerdert, ass dat net Schwaarzmolerei. A sengem Statement huet de Satya Nadella geschriwwen, dass eng autoriséiert Persoun ëmmer sollt d'Méiglechkeet hunn, e Modell ze ënnerbriechen oder auszeschalten. Ma fir dass dat iwwerhaapt geet, muss et jo awer ee ginn, deen nach souwäit denkt. An och net just eenzel Leit, mee déi ganz Gesellschaft dierf d’Denken net verléieren.

Dowéinst ass et elo eis Verantwortung, wéi ee Message mer vermëttelen. Drécke mer weider op de Gas, well mer da méi séier ënnerwee sinn? Oder fuere mer gemittlech duerch d’30er-Zon a gesinn, wat lénks a riets nach geschitt?

Wien eng Noutbrems zitt, provozéiert automatesch eng Vollbremsung. A wat ee méi séier ënnerwee ass, wat de Schock dann och méi grouss gëtt.

Back to Top
CIM LOGO