
Jo, mir ass et am Fong och zu widder, fir ze gesinn, wéi den autoritäre Republikaner déi ongedeelten Opmierksamkeet am verschneiten Davos genoss huet, wéi e strubbelvolle Sall an d’Kameraen aus der ganzer Welt him iwwert eng Stonn un de Lëpsen houngen, fir gewuer ze ginn, wat da grad am Politiker sengem Kapp virgeet. Mä dee Kapp bestëmmt nu mol iwwert eis mat. An dat huet de Chef vum Wäissen Haus eis e Mëttwoch zu Davos nach emol genësserlech ënner d’Nues geriwwen an an engems ënnerstrach, wéi wäit d’USA dach am Fong vun der Ukrain ewech wieren, wou dach e “schéine groussen Ozean” béid Länner trenne géif.
Wëll heeschen: “Passt gutt op wéi vill der Iech mat eis uleet...”
D’Journalisten, d’Politologen an d’Wirtschaftsexperte waren nach amgaangen, déi mat Amenter farfelu Ried auserneenzeplécken, an där den Donald Trump wuel eng militäresch Interventioun a Grönland ausgeschloss, awer weiderhi kloer säin Usproch op “dat grousst Stéck Äis” zum Ausdrock bruecht huet. A schwupps schonn huet en Tweet op senger eegener Social-Media-Plattform “Truth Social” d’Aussoe vu mëttes an de Schied gestallt, wéi den Donald Trump owes annoncéiert huet, déi nei annoncéiert Stroftaxe géint eng Partie europäesch Länner géifen da lo awer net vum 1. Februar u kommen. En hätt nämlech zesumme mam Nato-Generalsekretär Mark Rutte e “Kaderaccord” iwwer Grönland an déi ganz Arktis fonnt. Sou wäit sou onkloer.
Well wat heescht dat elo genee virun allem fir d’Souveränitéit vu Grönland? Wouriwwer si sech d’Nato an d’Wäisst Haus eens ginn? E Mëttwoch den Owend war op eemol awer offiziell rieds vu Mineralien, déi en Deel vum Deal wieren. Déi “seelen Äerden” op Grönland also vun deenen den Trump nach zu Davos gesot hat, si wiere jo guer net dorunner interesséiert well ee sou schlecht do rukomme géif. Wat bleift elo nach vum Trump sengen Annexiounsfantasien iwwreg? Wien engagéiert deen Deal iwwerhaapt wann ausser dem Mark Rutte kee vun den Dänen an der Europäescher Unioun mat um Dësch sëtzt? Wat ass iwwerhaapt d’Verhandlungsmandat an dëser Saach vum Nato-Generalsekretär? A virun allem: wat seet eis, datt de staarke Mann aus dem Oval Office, dee kuerz virdrun nach eng Fotomontage verëffentlecht hat, an där hien den amerikanesche Fändel op grönlännesche Buedem setzt, net an den nächste Stonne rëm seng Meenung ännert?
Et gëtt just eng Sécherheet an deem Ganzen an dat ass, datt op d’Amerikaner - oder besser gesot den amerikanesche President - kee Verlooss méi ass. Duerfir sinn d’europäesch Staats- a Regierungscheffen och ganz gutt beroden, hiren extraordinäre Sommet en Donneschdeg den Owend zu Bréissel bäizebehalen. De Revirement vun e Mëttwoch gëtt hinne wuel e bëssche Loft. Dat ass gutt, well mat der europäescher Eenheet ass et bekanntlech net ganz wäit hir. An datt d’europäesch Prozesser schwéierfälleg sinn an d’EU sech heiansdo selwer am Wee steet, weist och ganz aktuell d’Decisioun vum Europaparlament, de Mercosur-Handelsaccord juristesch préiwen ze loossen. D’Wirtschaft rëselt doriwwer just de Kapp, freet sech awer och, datt d’Handels-Bazooka géint d’USA net elo scho geluede gëtt. Mä et wier am allgemengen europäeschen Interessi fir se lo net ganz z’entschäerfen, well mat Grönland huet den amerikanesche President definitiv méi wéi eng rout Linn vis-a-vis vun den Europäer iwwerschratt. An dat muss d’EU him och klipp a kloer soen an an hiren Aktioune virun allem weisen. Amplaz nëmmen ze “schläimen”, fir et mat de Wierder vum Ausseminister Xavier Bettel ze soen. Dee Message schéngt fir den Ament jo mol ukomm ze sinn. Souguer beim Premier Luc Frieden.
An do schléisst sech dann och de Krees zréck op Lëtzebuerg. D’Leit hei am Land musse sech bewosst sinn, datt ënnert anerem déi héich Militärausgabe fir déi nächst Jore wäerte musse bäibehale ginn. An dat geet wäit iwwert ee klengen Nieweverdéngscht an d’Defence bonds eraus. Et wäerten an den zukünftege Budgeten Ëmschichtunge gemaach musse ginn, fir déi een d’Leit och wäert musse mathuelen. An do si se dann och bei eis gefrot: D’Divamanager, déi d’Reien zesummenhale kënnen.