Commentaire vum Jean-Marc SturmE Problem vun der Gouvernance

Jean-Marc Sturm
An dëse Minutte fänkt zu Bouneweg d'Assemblée générale extraordinaire vun der gréisster Mutuelle am Land, der CMCM, un.
© RTL

Hannergrond ass Remmidemmi, deen an de leschte Wochen dacks an de Schlagzeile war, grad wéi d‘Wuert Gouvernance. E Commentaire vum Jean-Marc Sturm.

Wat hunn d’CMCM, d’Beschäftegungsinitiative Proactif an d’SNCI, déi national Gesellschaft fir Kreditter an Investitiounen, gemeinsam?

Ok, dat kléngt wéi den Ufank vun engem Witz. Hannert där Fro stécht awer ee relativ seriöe Problem, eben dee vun der Gouvernance. Déi 3 Entitéiten hunn als Ursprong eng luewenswäert Iddi.

D’CMCM als Mutuelle fir eng Zousazversécherung am medezinesche Beräich. Proactif fir Leit mat diverse Problemer op den éischten Aarbechtsmaart ze kréien. D’SNCI, als Zort staatlechen Investitiounsgesellschaft fir Betriber Kreditter ze ginn, fir an d’Gäng ze kommen, fir Innovatioun oder Entwécklung.

D’Gouvernance ass graff definéiert een Ensembel vu Reegelen, Decisiounen a Prozedure mam Zil, dass eng Organisatioun optimal funktionéiert. Dofir brauch een och strukturell Organer, déi dës Reegelen an Entscheedungen, respektiv d’Ëmsetzen dovunner assuréieren an iwwerwaachen.

Bei der CMCM a Proactif kéint een iwwerspëtzt behaapten, dass et sech bis ewell ëm eng paternelle Gouvernance gehandelt huet, ze soen an der Ambiance vun enger grousser Famill.

E bësse wéi an den ominéise gudden alen Zäite mat den ale wäisse Männer. Dir wësst schonn.

D’sozial a wirtschaftlech Realitéiten hunn awer geännert an doduerch ass eng Zort gleitend Grenz an der Gouvernance entstane bei der Äntwert op d‘Fro, wie wat ze soen an ze maachen huet, wie wéini bei wat matschwätzen dierf a soll a wéi dat ze kontrolléieren ass. Wou ass d’Trennung tëscht Verwaltungsrot an Direktioun, wat fält ënnert “Daily business” also den Zoustännegkeetsberäich vun der Direktioun.

Wann dat net kloer definéiert ass, kann d’Tentatioun vum Exekutiv-Direkter séier do sinn, fir alles zum “Daily business” ze maachen. Eng Zort Selfservice also. Dee Risk besteet besonnesch bei Exekutivdirekteren, déi mengen, de Betrib fir dee se schaffen, géif hinne gehéieren

Ass dee genee definéierte Kader net ginn, dann entsteet also ee Vide an domadder ee Fräiraum mat um Enn, wéi am Fall CMCM enger Denonciatioun vum zoustännege Ministère wéinst Abus.

Et geet elo ëm ee méi moderne System fir de Fonctionement vun Entitéiten, déi deels parastaatlech sinn oder soss enk mam Staat verbonne sinn a virun allem mat Milliounen Euro vum Steierzueler respektiv mat de Cotisatiounen vun Abber-Dausende Membere finanzéiert ginn. Dat geet also bis eriwwer bei ONGen.

De Besoin, fir een adequate Profil um Niveau vun de Leit an de Verwaltungsréit vun Entitéite wéi CMCM oder Proactif ze hunn, schéint evident.

Idem d‘Demande vun der Basis, fir dass och d‘Personal an deene Conseile vertrueden ass. Dat kéint hëllefen, dass den Drock ënnert dem Deckel net ze grouss gëtt. An d‘Beleegschaft wier och informéiert, éier déi ganz Zopp op der “Place publique” un d‘Kachen an un d‘Iwwerlafe kënnt.

An da wier et och net vu Muttwëll, wann déi concernéiert Ministère vläicht hirer Leit an oder reegelméisseg bei d‘Verwaltungsréit schéckt vun deenen Entitéiten, déi mat Milliounen u Steiergelder hantéieren. Da ginn d‘Ministeren d‘Mëssstänn och net eréischt aus der Press gewuer.

Back to Top
CIM LOGO