
Jo ech kann natierlech elo als typeschen Trump-Kritiker klasséiert ginn: Fra, Enn 20. De Klassiker. Ech weess. Mee politesch Analys ass nu mol keng Fro vu Profil, mee vu Prinzippien.
D’Banaliséiere vun deem, wat mer am leschte Joer gesinn hunn, ass wuel déi geféierlechst Conclusioun, déi een aus dësem Joer zéie kéint.
Et war ee Joer vum Géinteneen, net vum Mateneen: esou wuel innepolitesch, wéi aussepolitesch.
D’Inflatioun an den USA ass nach ëmmer héich, dem Donald Trump seng Stroftaxen hu se just nach méi erop gedréckt. Dat schléit den Amerikaner zolidd op de Portmonni, besonnesch deenen, deenen et manner gutt geet. Grad hinnen hat de Republikaner dach versprach, Amerika nees abordabel ze maachen.
Ma och den dagdeeglechen Terror vun der Awanderungsagence ICE huet der Kohäsioun an den USA staark geschuet: Vill Leit, déi zanter Joren am Land sinn an essentiel an éierlech Aarbecht leeschten, ginn op oppener Strooss verhaft, Famillje gi getrennt. Den Doud vun der Renee Good, déi jo bei engem ICE-Asaz duerch dräi Schëss gestuerwen ass, hannerléisst vill Froen a street nach méi Angscht. Déi amerikanesch Migratiounspolitik weist, wéi séier Mënschlechkeet duerch Symbolpolitik ersat gëtt. Och hei spillt d’Politik vum Géinteneen.
An der Aussepolitik stinn d’Zeechen och méi op Konfrontatioun wéi Kooperatioun: D’USA maachen elo ganz ouni ze verstoppen mat am neo-imperialisteschen Zirkus vu Russland a China a versetzen domat Acquise wéi d’NATO an eng fundamental Kris. D’USA hu sech an deem éischte Joer Trump 2.0 aus zeg internationalen a multilateralen Institutiounen zréckgezunn, et gëtt méi fragmentéiert a sech isoléiert wéi no Allianze gesicht. Klima, Mënscherechter an och d’Entwécklungspolitik spille just nach eng Nieweroll.
Pläng, wéi Grönland ze annektéieren, oder och op de Schierbele vun den humanitäre Gräisslechkeeten a Gaza eng Riviera mat Plagë-Resorts wëllen opzeriichten, wiere viru Joren nach onvirstellbar gewiescht.
“Jo mee dat ass jo typesch Trump” kéint een elo soen: Mee grad dat ass an dësen Zäiten esou geféierlech. Eis Kohäsioun a Stabilitéit gi fundamental op d’Spill gesat. Dat als normal ze gesinn, wier fatal.
Dofir ee Joer Trump, mee gefillt waren et der schonn 10.