
Elo kënnt dobäi, datt d’USA bis op Weideres keng Militärhëllef méi leeschten. Dobäi soll et ëm Waffen a Munitioun an der Valeur vun enger Milliard Dollar goen. D’EU muss lo méi wéi nëmmen d’Schierbelen zesummekieren, mä aktiv ginn.
D‘Annonce, dass den US-President Trump nom Oval-Office Clash elo direkt d‘Militärhëllefe einstweilen op Äis leeë wëll, ass e weidert staarkt US-amerikanescht Signal u Russland. Fir d‘Ukrain sinn d‘Konsequenzen dramatesch a fir Europa ass et an e weidere Schock an den transatlantesch Relatioun. Elo kënnt et drop un, dass Europa déi Dynamik, déi et an der leschter Woch gewisen huet, esou séier wéi méiglech a Musek ëmsetzt.
Hoffentlech gëtt d’Unioun aus der Nout eraus méi reaktiv an handlungsfäeg. An dofir ginn et Zeechen:
Op engem Spezialsommet e Sonnden huet de brittesche Premier annoncéiert, et wéilt een zesumme mat Frankräich an der Ukrain e Friddensplang ausschaffen, an deen dann den USA presentéieren- eng “coalition of the willing”. Déi kéint dozou féieren, dass eng nei Dynamik an Europa entsteet, dass een esou méi séier zu Decisioune kënnt ewéi zu 27, wou jo ëmmer de Risk besteet, dass Propose blockéiert ginn vun deenen, déi net wëllen.
E weidert Zeeche kéint et schonn en Donneschden um Bréisseler EU-Sommet ginn, wou d’Kommissiounspresidentin Von der Leyen e Plang virstellt, fir d’Staaten z’arméieren. Ungarn dreet do nees mam Veto. D’Fro bleift, op een sech doduerch blockéiere léisst.