Commentaire vum Pit EverlingEuropa steet ferm ënner Drock

Pit Everling
Et kënnt ee sech vir, ewéi bei der Kläpperei um Schoulhaff: Dee Stäerkste wënnt, de Rescht ass Wurscht. D‘USA rappe sech Venezuela ënnert den Nol an deen nächsten op der Akafslëscht ass Grönland.
© RTL

Déi global Reegele gi grad nei geschriwwen. D‘Amerikaner, d‘Russen an d‘Chineesen deele sech d‘Welt a sougenannt Afloss-Regiounen op. Wéi wäit dat kéint goen, weess keen. Europa huet ouni den historesche Partner USA net méi vill ze radetten a muss oppassen, datt et der net selwer laanscht d‘Bake kritt. Europa bléist op alle Fall vun alle Säiten de Wand an d‘Gesiicht. Wat sinn d‘Grënn a wat bedeit dat? De Pit Everling huet sech Gedanke gemaach.

Commentaire vum Pit Everling

D‘Europäer si joerzéngtelaang am Wandschied vun den Amerikaner matgefuer an et ass hinnen dobäi nawell gutt ergaangen. Demokratesch Wäerter, gesellschaftlech Fräiheeten an ekonomesch Prosperitéit waren e gutt Rezept, fir duerch déi zweet Hallschent vum 20. Joerhonnert ze schwammen. Ma de Wand huet gedréint an d’Welle schloen dem ale Kontinent riicht an d’Gesiicht. Zu Moskau a Peking kréie se scho laang net méi den Hick wann zu Bréissel, Paräis oder Berlin iergendeen een eppes seet. Neierdéngs huelen och d‘Amerikaner den historeschen Alliéierten net méi fir voll. Et gëllt just nach d‘Recht vun deem mat de meeschte Muskelen, an Europa huet där an den Ae vun de genannte Länner keng (méi). Firwat? Militäresch gesi mécht Europa kengem Angscht. Wann Amerika tatsächlech Grönland géing ugräifen, hätten d’europäesch Arméien deem net vill entgéint ze setzen. Um diplomatesche Parquet bei “sougenannte” Friddensprozesser fir d‘Ukrain a Gaza, bleift fir Europa just d‘Roll vum Observateur.

Europa schwätzt politesch gesinn net mat enger Stëmm. D‘EU wierkt dobaussen dacks politesch geläämt, wéinst hirer flaacher Hierarchie a schwéierfällegen Decisiounsprozesser. Den Drëttlänner entgeet net, datt Europa intern gespléckt ass, datt et grouss Divergenze gëtt tëscht eenzele Memberstaaten, datt anti-europäesch Forcen un Terrain gewannen, datt et bannent ville Länner keng staark politesch Mëtt méi gëtt, mä an der Plaz e grousse Gruef tëscht lénksen a rietse Forcen. Dernieft kritt d’EU reprochéiert, a Krisen net richteg reagéiert ze hunn. Stéchwierder: Migratioun, Klima oder Corona.

D’Ekonomie schwächelt fatzeg. Europa ass manner kompetitiv ginn an de Wirtschaftswuesstem vu fréier bleift aus. Europa steet an der globaler Perceptioun fir Bürokratie an Iwwer-Reglementéierung. Technologesch Innovatioune komme vun anere Plazen op der Welt. A punkto Energie-Ressourcë sinn d‘Europäer net onofhängeg. Um Aarbechtsmaart gëtt net méi déi Main d‘oeuvre fonnt, déi gebraucht gëtt. D’Schoulen di sech schwéier mat de Schüler vun haut, an ëmgedréint. Den demografesche Wandel ass eng grouss Erausfuerderung. D‘Populatioun gëtt ëmmer méi al an et gëtt ëmmer manner Gebuerten.

Och de liberalen europäesche Gesellschaftsmodell gëtt op ville Plazen op der Welt scho laang net méi als Virbild ugesinn. Baussen ewéi banne wuesse grouss konservativ Géigebeweegungen. Den Donald Trump attackéiert frontal a gesäit virun allem a lénksliberale Forcen e grousst Feindbild. De Chef aus dem Wäissen Haus prophezeit carrement, datt d‘europäesch Zivilisatioun wäert ausgeläscht ginn.

Dat wäert se net. Mä d‘Situatioun ass ganz eescht, an Europa war net drop preparéiert. Europa huet keen Afloss op déi aktuell amerikanesch, russesch oder chineesesch Politik.

Europa muss elo zu senge Wäerter stoen a weisen, datt de Modell vun der liberaler Demokratie grouss Stäerkten huet. Europa muss et awer awer och fäerdeg bréngen, seng Schwächten endlech ze erkennen, Feeler ze korrigéieren, sech op dat Weesentlecht ze konzentréieren a virun allem seng Bierger nees ze iwwerzeegen. Déi aner op der Welt wäerten iwwregens iergendwann rausfannen, datt et ganz ouni Europa och net wäert goen.

Back to Top
CIM LOGO