Commentaire vum Marlène ClementKatastrophal Kommunikatioun am Katastrophefall

Marlène Clement
A sengem Commentaire kuckt d'Marlène Clement op déi technesch Pann vu LuxTrust zeréck a stellt sech vill Froen, wat d'Kommunikatioun ugeet.
© RTL

Déi technesch Pann hat et nawell a sech. Bal ganzer 24 Stonne laang war et dës Woch net méiglech, Bankiwwerweisungen, gréisser Bezuelungen oder administrativ Demarchen online via LuxTrust ze maachen. Et ass net déi éischte Kéier an de leschte Méint, datt et esou en gréisseren Ausfall gëtt. Et ass och net déi éischte Kéier, datt net anstänneg iwwer esou eng Pann informéiert gëtt, fënnt d’Marlène Clement haut a sengem Commentaire.

De Commentaire vum Marlène Clement

Déi meescht erënnere sech bestëmmt nach ganz gutt, wéi am Summer vun engem Moment op deen anere guer näischt méi gaangen ass. Keng Uriff, keng SMS, keng Internetverbindung. De Post-Reseau war fir e puer Stonne komplett down a Lëtzebuerg a Panik. Am Ufank huet et vum gréissten Operateur am Land geheescht, et hätt een e Problem mat der Software. Deen huet sech duerno awer relativ séier als Cyberattack entpuppt. D’Populatioun gouf wuel iwwer den LU-Alert informéiert, allerdéngs huet dat nëmme bei deene fonktionnéiert, déi dee Moment bei engem aneren Operateur waren, ewéi bei der POST. Bei de Clientë vun der POST ass d’Alerte e puer Stonne méi spéit ukomm, wat duerno fir vill Opreegung gesuergt huet an och eng Partie Froen iwwert de Funktionnement vun deem Kriseninstrument opgeworf huet.

Woubäi. Déi Leit, déi d’Warnung mat Zäite kruten, hunn déi och mol nach misse verstoen. An och bei der LuxTrust-Pann waren d’Utilisateuren nees ze laang sech selwer iwwerlooss. Vun der Firma selwer war an den éischte Stonne guer näischt gewuer ze ginn. E puer Stonne méi spéit ee klengen Statement op der eegener Websäit, datt et “een incident technique” gëtt an dass den Ausfall keng Auswierkungen op beispillsweis d’Donnéeë vu Clienten oder d’Sécherheet vun Transaktiounen hätt.

Och vu Regierungssäit gouf et eréischt relativ spéit, nämlech e Mëttwoch am spéiden Nomëtten, eng éischt Reaktioun. An dat just op eis Nofro hin. Obwuel, nieft Banken, och vill ëffentlech Servicer a Verwaltungen op d’LuxTrust-Authentifizéierung zeréckgräifen, dorënner och d’Schoulen. Guer net emol ze schwätze vun de Perte fir de Commerce an deene knapp 24 Stonnen. Dofir huet de Wirtschaftsminister Lex Delles dunn awer ganz kloer Wierder um RTL-Mikro fonnt. Et wier inakzeptabel, datt e Service wéi LuxTrust esou laang net fonctionéiert, sot hien. Et ass iwwerdeems déi zweet Panne bei LuxTrust fir dëst Joer.

No der éischter Pann am Januar, wollt de Piraten-Deputéierte Sven Clement an enger parlamentarescher Fro vun der Digitaliséierungsministesch Stéphanie Obertin a vum Wirtschaftsminister Lex Delles wëssen, ob geplangt wier, no weider Partner ze sichen, fir net just vun enger eenzeger Entreprise ofhängeg ze sinn. D’Äntwert deemools war, datt dat aktuell net virgesi wier. An elo? Spéitstens elo misst d’Politik jo awer agesinn, datt et net vu Muttwëll wier sech net eenzeg an eleng op een Déngschtleeschter an deem Beräich ze verloossen. Dat hunn och déi meescht Oppositiounsparteien nom zweeten Ausfall e Mëttwoch nach emol ënnerstrach. An de Message schéngt no der rosener Reaktioun vum Lex Delles och am Wirtschaftsministère ukomm ze sinn.

An nach en anert rezent Beispill vun enger schlechter Kommunikatioun war d’Heizungspann leschte Weekend a verschiddene Stater Quartieren. RTL gouf just vun Nolauschterer informéier, datt et eng gréisser Waasserfuite gouf a se dowéinst kee waarmt Waasser a keng Heizung haten. Vun offizieller Säit, dem Service technique vun der Stad Lëtzebuerg näischt. Dëst sinn nëmmen dräi rezent Beispiller, aus deene hoffentlech Léiere gezu ginn. Soss bréngt och déi bescht national Resilienzstrategie näischt.

Back to Top
CIM LOGO