Tëscheruff vum Céline EischenMeenungsfräiheet: Liblingsschutzschëld vun de Populisten

RTL Lëtzebuerg
Eis Meenungsfräiheet ass a Gefor. Dat huet een um ADR-Kongress e Sonnde méi dacks héieren. Dass ee misst reguléiere wéi a wat op Social Media vu jidderengem eraus posaunt gëtt, gesäit d’ADR als eng Aschränkung vun der Meenungsfräiheet. D'Partei suivéiert hei d’Reegelen aus dem Spillbuch vun de Rietspopulisten aus dem Ausland, a setzt domat Demokratie an d'Meenungsfräiheet eréischt esou richteg a Gefor, fënnt d'Céline Eischen a sengem Tëscheruff.

“Et ass Äert Recht Är Meenung ze hunn, ouni negativ Konsequenze mussen ze erliewen”. Dat sot de Fraktiounspresident Fred Keup um ADR Kongress e Sonnden. Dee Saatz klengt natierlech gutt, mee d’Ironie vun dëser Situatioun ass, dass keng 2 Meter hannert dem Här Keup ee souz, deen nach rezent ee Kommentar geliked huet, deen dozou oprifft Zitat “LGTBQ ze vernichten”. Solle sou Aussoen also dann erlaabt sinn?

Natierlech baséiert eis Demokratie op Meenungsfräiheet, an et ass ee Privileeg ze wëssen, dass een net verhaft gëtt, wann ee sech op d’Plëss stellt a sech iwwer d’Regierung opreegt. Mee et brauch, dobausse wéi online, Reegelen. D’Populiste weltwäit a besonnesch déi aktuell Amerikanesch Regierung stelle sech gären duer, wéi déi eenzeg iwwreg bliwwe Verfechter vun der Meenungsfräiheet. Mee ass Ausgrenzung, Opruff zu Gewalt oder eng bewosst Falschinformatioun eng Meenung? An setzt een den Auteure vun esou Kommentarer automatesch ee Maulkuerf op, wann ee si op hiert d’Feelverhalen opmierksam mécht? Oder esou Aussoen esou guer verbitt?

Fakt ass: Fakt ass net méi Fakt. Et war nach ni esou einfach sech hannert der Anonymitéit vum Internet ze verstoppen, an alles esou eraus ze gi wéi een et grad spiert. Mee fir dass eis demokratesch Gesellschaft weider funktionéiert, brauch et Spillreegelen: Eis Fräiheete ginn esou wäit, bis dass mir d’Fräiheete vun aneren Aschränken. Soss wiere mir an der Anarchie. Dofir ass et begréissenswäert, dass d’EU sech asetzt fir Falschaussoen a Beleidegungen ze limitéieren. De Fernand Kartheiser huet awer dozou gëschter um Kongress gesot, dass deen Digital Services Act vun der EU bewosst als Instrument géif genotzt ginn, fir Meenungen anzeschränken.

D’Populiste stelle sech hannert dat Schutzschëld, wat si Meenungsfräiheet nennen, a mëssbrauchen dëse Pilier vun eiser Demokratie fir hiren eegene Parolle Credibilitéit ze ginn. Dobäi sinn et déi, déi Desinformatioun toleréieren, d’Demokratie eréischt sou richteg a Gefor bréngen.

Back to Top
CIM LOGO