
Mir brauche staark Fraen a weiderhin eng staark feministesch Beweegung.
Zanter 1908, dem Gebuertsjoer vum Simone de Beauvoir, huet sech ganz vill gedoen punkto Fraerechter a Gläichstellung, mee dat geet net duer. Ech schwätzen Iech haut net vum Pay Gap**, vum Orgasm Gap***, vum Gap am medezineschen Traitement fir Fraen****, dem Care-Aarbecht-Gap***** oder dem Representatiouns Gap an der Politik******, déi all u sech scho Grond genuch wieren, fir meng Thees, dass mer e staarken Feminismus brauchen. Ech wëll haut op 2 Sujeten agoen, déi mech an de leschte Woche beschäftegt hunn.
Et goufe vill Mouvementer bei deenen Frae sech fir aner Fraen agesat hunn. D‘Beweegung #MeToo (Opdecke vun sexueller Belästegung) oder d‘Frae-Protester am Iran. Mee et gouf ee fuerchtbaart Evenement, wouriwwer ech laang quasi näischt gelies hunn a wou et definitiv am Nachhinein u Solidaritéit gefeelt huet – och awer net just - vu feministeschen Organisatiounen. Ech schwätze vun der anormal barbarescher sexueller Gewalt, der Folter, de Vergewaltegungen an de Verstümmlungen vu Frae bei der Attack vun der Hamas de 7. Oktober. Mëttlerweil hu jüddesch Mënschen- a Fraerechtler, Affekoten an Aktivisten Dausende Beweisstécker gesammelt, déi weisen, wéi wüüst et déi Deeg ëm d‘Attack muss zougaange sinn (Fir den Artikel ze liesen braucht Dir e Spiegel-Plus-Abonnement). Firwat hutt et u Gesten gefeelt? U Maniffen, un Dausenden Tweets an Retweets an un engem Shitstorm op Social Media? Huet de Feminismus versot? Oder war et, well déi lénk-intellektuell Feminismus Bubble manner Matleed hat mat den jüddeschen Affer, well Israel direkt duerno an nach ëmmer d‘Gazasträif komplett dem Äerdbuedem gläich mécht? Ech wëll net accuséieren, mee wichteg Froe stellen. Et gëtt jo net EE Feminismus, mee vill ënnerschiddlech Stréimungen. Mee egal wéi, et geet ëm de Prinzip. Mir kämpfen fir ALL de Fraen hir Rechter: Egal wéi eng Nationalitéit, Relioun, Hautfaarf oder ob hiert Land eventuell fir Krichsverbriechen responsabel ass oder net.
Den zweete Sujet, dee mer weist, dass mer ee solidareschen, gëeenten, staarke Feminismus brauchen, ass de Fall vum Gérard Depardieu a Frankräich. Ech erspueren iech déi misogyn an degueulasse an extrem reduktiv Proposen, déi den Acteur vu sech ginn huet. Mee wann e franséische President - wuel gemierkt - wärend enger lafender Enquête géint den Depardieu (wéinst Vergewaltegung an „Agression sexuelle“) sech hannert dëse Mann stellt, „parce qu‘il rend fière la France“ – ou la la Monsieur le Président, do kënnt mer d‘Gal héich. Ech erklären Iech, firwat mech dat esou uerg stéiert. Hie schwätzt vun enger „Chasse à l‘homme“ – och dat e gewoten Terme, vu dass et jo wuel éischter nom Géigendeel ausgesäit. Natierlech gëllt d‘Présomption d‘innocence fir de Gérard Depardieu. Dat dierf den Emmanuel Macron och soen, mee da misst hie gläichzäiteg och déi presuméiert Affer erwänen. Dat mécht hien net. Domadder weist hie ganz däitlech seng Ignoranz a säin Manktem un Interêt fir d‘Cause vum Opmierksam-maachen op Sexismus a strukturell sexuell Gewalt géint Fraen. Hien ass de franséische President a misst an där Funktioun och den éischte Feminist vum Land sinn. Hie representéiert ALL d’Bierger an net just bekannten Acteuren.Wa Männer mat Muecht aner Männer mat Muecht esou de Réck stäipen, jo genee da brauch et nach ëmmer eng staark feministesch Beweegung.
ELO méi wéi jee virdrun.
*oder staark Feminismen. De Feminismus u sech ass jo keng homogen Beweegung, mee hutt vill verschidden Couranten.
**Den Gender Pay Gap, also den Ënnerscheed vum Salaire, gëtt et nach ëmmer. De Mann verdéngt op d‘Joer gekuckt méi wéi d‘Fra an dat obwuel däitlech méi Fraen een héijen Diplom hunn wéi Männer. Et gëtt immens wéineg Fraen op Spëtzepositiounen a Fraen schaffen och dacks a Beruffer, déi manner gutt bezuelt ginn.
***Wat den Orgasmus ugeet, sou ginn et dozou sëllegen Studien. An heterosexuelle Bezéiunge kënnt de Mann am Schnëtt 95 Prozent vun der Zäit zum Héichpunkt. D’Fra dogéint just 65 Prozent vun der Zäit. A lesbesche Bezéiungen hunn d’Fraen am Schnëtt 86 Prozent vun der Zäit een Orgasmus.
****An der Medezin an an am Pharmaberäich goufen d’Frae vun Ufank un benodeelegt. Dozou ginn et eng sëllegen Artikelen.
*****Donieft fält de Gros vun der sougenannter CARE-Aarbecht op Fraen-.
******An der Politik sinn d‘Fraen nach ëmmer ënnerrepresentéiert. Bei de Chamberwalen goufen am Oktober JUST 30 Prozent Fraen direkt an d‘Chamber gewielt. Et gëtt 5 Fraen op 15 Ministerposten. D‘Zuele schwätzen fir sech.