De Commentaire vum Pierre JansNäischt ass net ongesond

Pierre Jans
PFAS, Zockersteier an Dry January. Alles wat mir sou zou eis huelen, ass ongesond. Déi Impressioun verschafft de Pierre Jans a sengem liicht ironesche Commentaire.
© RTL

De Commentaire vum Pierre Jans

Den neien Trend heescht: Proteinnen. Ech héieren a gesinn d‘Wuert iwwerall. Esouguer de Lëtzebuerger hire Liblingssupermarché huet elo Produiten am Sortiment mat enger Extra-Portioun Proteinnen. Richteg Protein-Bommen, wann ee sou wëll. Woubäi hire méi héije Präis wuel net, ewéi beim Pëtrol, duerch den Irankrich ze erklären ass. De Kalorie-Verbrennungsmotor soll duerch Proteinnen op alle Fall awer besonnesch effizient lafen, dofir eben den Trend. An aus engem Trend loosse sech Sue maachen.

Proteinnen, also Eewäiss, si wichteg fir Muskelen, Haut an Hoer. Se maache méi laang sat, et glëschtert ee manner op Knaschtereien an et seet ee Fettegem a virop Séissem de Kampf un.

No der Dry-January-Debatt muss wéi all puer Joer iergendwou d‘Diskussioun iwwer d‘Zockersteier nees gefouert ginn, déi dann natierlech och op Lëtzebuerg iwwerschwappt. Aktuell gëtt besonnesch intensiv an Däitschland gestridden, ob eng Steier um Zocker d‘Leit méi dënn a gesond mécht, virun allem awer, wéi vill Suen déi dem Staat erabrénge kéint, fir de Gesondheetssystem ze retten. 3,84 Euro pro Këscht Cola mellt d‘Welt. Ech ka mir scho virstellen, wéi d‘Gewerkschaftsfront an d‘Patientevertriedung streiden, well d‘Produiten, déi d‘schaffend Leit déck a krank maachen, si och nach aarm maachen - an dem Staat d‘Keese voll. An deem Sënn schued eigentlech, dass eis Regierung eng Zockersteier ausschléisst.

De Gesondheetsministère setzt op Präventioun: D‘Leit solle verstoen, dass eng equilibréiert Ernierung gutt fir si ass. Dat mécht mir awer Kappzerbrieches: Hunn ech net éinescht gelies, dass souguer Uebst ongesond ass? Och ze vill Äppel kënne Karies, Diabetes, Häerzerkrankungen a souguer Kriibs verursaachen. Schold ass d‘Fruktos. Kriibszelle glëschtere Fruktos, an zwar sou richteg. Do virdru misst een d‘Leit dach warnen! An dann hu mer nach net iwwer d‘Pestizide geschwat: d‘Lëtzebuerger Äppel solle mat engem richtege Pestizide-Cocktail ëmmantelt sinn. All Maufel eng Gefor! Dat selwecht gëllt fir Eeër: déi enthalen, wéi quasi alles ronderëm eis, PFAS, also Chemikalien, bestëmmt nach méi geféierlech ewéi Fruuchtzocker. A bei den Eeër gëtt et richteg komplex. Den DP-Deputéierten a Bauer Luc Emering hat an der Chamber erkläert, dass en Ee aus Käfeghaltung manner héich mat PFAS belaascht ass, ewéi en Ee aus Fräilandhaltung. D’Hénger iessen dobaussen nämlech d’Wierm, déi PFAS-belaascht sinn. D’Kreeslaflandwirtschaft an hir Falen. Ech behalen zeréck: Wie Bio-Eeër ësst, setzt seng Gesondheet op d‘Spill, dat kënnen och déi vill gutt Proteinnen net méi riicht béien.

Fir de Schued vun all deem a Grenzen ze halen, hëlleft wuel just Beweegung. Mä sidd gewarnt virun de verstauchte Gelenker, den entzünte Seenen an de gezerrte Muskelen. Dir musst wëssen: Sport ass Mord.

Back to Top
CIM LOGO