
Nämlech, dass d‘Monarchie en Nice to have ass. Obwuel den Haff eis Steierzueler zejoert gutt 19 Milliounen Euro kascht huet... mir kënnen eis e leeschten. Nach. Mä ganz festleeën, wëllen d‘Lëtzebuerger sech dann trotzdeem net.
An awer: och wa mir et net ëmmer zouginn: Vill vun eis hunn de Pomp fir Nationalfeierdag gär, oder wann et Mariagen um Haff ginn, oder Nowuess. E bësse Voyeurismus spillt och mat. De Klatsch an Traatsch vum Haff animéiert ëmmerhi sou munch lëschteg Ronn. Mir hunn eis eege Royal Family. A wann de Grand-Duc éierens ass, léisst dat déi mannst komplett kal.
Genee dora läit och d‘Stäerkt vun engem Monarch – natierlech net am vereelzte Sënn vum souveräne Monarch à la Jean Bodin, deen als Gott op Äerden iwwer allem steet – nee ech mengen dat, well et nämlech och auslännesche Politiker esou geet ewéi dem Bierger, wann en dem Grand-Duc d‘Hand rëselt: et begéint een him, et begéint een dem Land mat Respekt. Dat kann hëllefen, eng Firma op Lëtzebuerg ze kréien oder am Ausland en Deal u Land ze zéien. Den Tamtam ronderëm, den duerch-getakte Protokoll, déi solennelle Arrivéeën, d‘Garde-Corpsen, seng Uniform, alles dat ass natierlech drop ausgeluecht, en Effekt ze kreéieren. Opgepasst: hei kënnt eng ganz wichteg an dichteg Persoun.
Ech war eemol mam Grand-Duc op Staatsvisitt am Senegal. Ënnerwee mat engem klenge Schëff vun Dakar op d‘Île de Gorée ass mer éischtens opgefall, dass de Grand-Duc Henri extrem gutt gekleet ass. Den aktuell nees ganz beléiften “Old money“-Kleedungsstil krut hie wuertwiertlech an d‘Wéi geluecht. Eng klassesch Ray-Ban op der Nues. Handy raus: Ech hunn e misse knipsen. Zweetens ass mir deemools bewosst ginn, dass de Grand-Duc iergendwou awer e Mënsch ass, an e sympatheschen dobäi. Ech muss mech erklären. Hien als Persoun a seng Roll a säin Optrëtt sinn net gläichzesetzen. Hie verlaangt de Protokoll net, aner Leit decidéieren villes fir hien. Virun engem Interview am Senegal krute mir Journalisten déi kloer Consigne vu sengem Entourage: Dir haalt Är Mikroen dohin, de Grand-Duc mécht e Statement, keng Nofroen. Du kënnt de gudde Mann, stellt sech virun eis, waart zéng Sekonnen, kuckt mech beduckst a freet mat engem Grinsen: Stell Dir keng Fro?!
E puer Joer méi spéit krut de Grand-Duc Henri an engem opwänneg organiséierten Interview mat RTL an 100komma7 am Palais vill Froe gestallt. Zum Beispill och, ob hien e Referendum iwwer d‘Zukunft vun der Monarchie géif fäerten. E kloren Nee, mat der Explikatioun, hie géif seng Funktioun als Service gesinn. Fair enough. Mä da seet hien e Saz, deen awer zimmlech verbruet eriwwerkoum: Da gi mir, dat ass guer kee Problem. Nom Motto: wien eis net wëll, huet eis net verdéngt. Déi Reaktioun war manner cool. Well – och wann den Henri net dofir kann, dass hien adeleg gebuer ass - wie bezilt hei fir wien?
Änlech Rendez-vouse mat der nationaler Press huet den Haff rezent souguer ofgesot. D‘groussherzoglech Koppel géif et den Ament „net fillen“. D‘Leit kruten de Bols gefillt. A jo: si wëllen d‘Monarchie. Nach.