Commentaire vum Marc HoscheidSidd optimistesch, 2026 gëtt super, op mannst dat bescht Joer zanter 2025

Marc Hoscheid
Dat neit Joer ass do an am Fong wollt de Marc Hoscheid a sengem Commentaire soen, datt och 2026 d'Welt net ënnergoe wäert, och wann déi international Aktualitéit heiansdo de Contraire vermudde léisst. Du koum d'Militärinterventioun vun den USA a Venezuela den 3. Januar, bei där de President Nicolas Maduro entféiert ginn ass. Nach ee Grond méi ze ënnersträichen, datt ee sech vun den Noriichten net verréckt maache loosse soll, fënnt de Marc Hoscheid nach ëmmer.
© RTL

De Commentaire vum Marc Hoscheid

Spéitstens zanter dem Joer 2007 reit sech gefillt eng Kris un déi aner. Aus enger Immobiliekris an den USA gouf eng weltwäit Finanzkris. An Europa huet een op eemol vun enger Euro- respektiv vun enger Iwwerschëldungskris geschwat. 2015 koum dunn an Europa d’Flüchtlingskris, 2020 war den Ufank vun der Corona-Pandemie an 2022 huet Russland de Krich géint d’Ukrain gestart – woubäi deen am Fong schonn 2014 mat der Annexioun vun der Krim ugefaangen hat. Net ze vergiessen all déi aner Kricher, Krankheeten an Terrorattacke queesch uechter d’Welt an natierlech de Klimawandel, dee mol méi mol manner present iwwert allem schwieft.

Virun deem Hannergrond grenzt et scho bal un ee Wonner, datt verschidde Leit et gepackt hunn, lieweg duerch déi lescht 20 Joer ze kommen. Ma net nëmmen, datt dat wuel e puer Milliarde Mënsche gelongen ass, ville vun hinne goung et dobäi warscheinlech gréisstendeels och nach zimmlech gutt.

Well och wa mer an enger Welt liewen, an där alles iergendwéi matenee vernetzt ass, hunn awer just déi mannsten Evenementer wierklech ee spierbaren Effekt op eist alldeeglecht Liewen. Dowéinst bréngt et wierklech näischt, all negativ Nouvelle ze konsuméieren a sech dorunner opzehänken. Do muss een och de Medien net de Virworf maachen, datt se just negativ beriichte géingen. Éischtens ass et d’Aufgab vu Journalisten, d’Saachen esou ze weisen, respektiv ze beschreiwen, wéi se sinn, zweetens gëtt kee gezwongen, op esou Artikelen ze klicken oder bei esou Reportagen an den Noriichten drun ze bleiwen an drëttens ginn och eng ganz Partie Artikele geschriwwen, respektiv Radios- an Tëleesreportagen diffuséiert, déi duerchaus positiv sinn.

Et ass awer leider sou, datt déi negativ Nouvellë méi laang am Gediechtnes hänke bleiwen, souguer wa se ee guer net selwer concernéieren.

Besser wéi sech dovun erofzéien ze loossen ass et, sech op déi kleng Saachen ze konzentréieren, déi ee maache kann, fir dat eegent Liewen an dat vum direkten Ëmfeld konkret besser ze maachen. Amplaz also bei der nächster Demonstratioun géint Israel oder géint d’Palästinenser oder fir de Schutz vum nepaleesesche Nasenbär matzemaachen, hëlleft léiwer enger Kaz iwwert d’Strooss oder der aler Nopesch vum Bam - oder ëmgedréint.

Et geet heiansdo och schonn duer, e bëssi méi Zäit mat der Famill ze verbréngen an am Alldag seng Hëllef unzebidden. Géint ze vill negativ Gedanken hëlleft iwwregens och, eng gewëss ironesch Distanz zu de Saachen ze halen an net alles doutseriö ze huelen. An dowéinst zum Schluss ee klenge Witz, deen ënnersträicht, wéi wichteg d’Famill ass, an datt d’Welt direkt eng besser ass, wann een e bëssi Récksiicht openeen hëlt:

Kënnt eng al Koppel bei den Affekot, d’Fra huet 97 Joer, de Mann der 95, a si soen, datt se sech no 73 Joer Bestietnes scheede loosse wëllen. Den Affekot freet ganz verwonnert: “Firwat wëllt der Iech dann no sou ville Joer an a sou héijem Alter nach scheede loossen?” Dunn äntwert d’Koppel: “Mir haten dat am Fong scho länger wëlles, mee mir wollte waarden, bis d’Kanner dout sinn.”

Back to Top
CIM LOGO