
Wann ech d’Aktualitéit ronderëm d’Ukrain den Ament suivéieren, fillen ech mech zeréckversat an de Geschichtscours am Lycée iwwert de kale Krich. D’Dynamike schéngen haut genau déi selwecht wéi nach viru méi wéi 30 Joer ze si a mir schéngen nach ëmmer eng Zort neutral Puffer-Zon tëscht Russland an dem sougenannte Westen ze brauchen. Op d’mannst ass et dat, wat de russesche President Putin aktuell vun der EU an den USA fuerdert. Hien hätt gären eng kloer Zouso, dass d’Ukrain net Member vun der Nato wäert ginn an dass d’Nato och keng Zaldoten do wäert stationéieren. Wéi wäit Russland dofir wäert goen, ass bis ewell net ofzegesinn.
Gläichzäiteg hunn d’USA an d’EU signaliséiert, dem russeschen Drock net wëllen nozeginn. Mir hunn deemno zwou Säiten, déi, wéi et den Ament ausgesäit, net wëlles hunn, de Kierzeren ze zéien an domat dat perfekt Rezept fir eng Situatioun, déi riskéiert, sech geféierlech héich ze schaukelen.
Um Enn kéint et schliisslech och ëm Mënscheliewe goen. Well och wann de sougenannte Westen eng militäresch Konfrontatioun mat alle Mëttele verhënnere wëll, kann een dat antëscht net méi ausschléissen. Au contraire, et gëtt elo scho kaum nach sécher Weeër aus dëser Kris eraus.
Dësen oppene Muechtkampf tëscht Russland a virop den USA stellt de sougenannte Westen op eng wichteg Prouf. Op en Neits stellt sech nämlech d’Fro, ob déi eenzel Länner, grad och bannent der EU, et fäerdeg bréngen, mat enger Stëmm ze schwätzen. Politesch a wirtschaftlech schéngt dat nach méiglech. Aktuell solle jo hannert de Kulisse substantiell Sanktioune géint Russland ausgeschafft ginn.
Hei muss allerdéngs och Lëtzebuerg sech froen, wéi vill eis d’Fräiheet vun der Ukrain wäert ass a wéi vill negativ Konsequenze vu Sanktioune géint Russland mir bereet sinn, a Kaf ze huelen.
Gläichzäiteg steet awer nach vill méi um Spill, nämlech d’Glafwierdegkeet vun der EU. Dass déi europäesch Länner deels komplett ënnerschiddleche Positiounen hu vis-à-vis vu militäresche Konflikter, ass net nei, ma sollt d’EU et hei op en Neits net fäerdeg bréngen, och um politeschen a wirtschaftleche Plang eng gemeinsam Positioun ze fannen, verléiere mir doduerch ënner Ëmstänn ee fir alle Mol d’Vertraue vun den osteuropäesche Länner. Ausserdeem bräichte mir dann alt erëm d’USA fir – op d’mannst um militäresche Plang – eng Kris an Europa an de Grëff ze kréien. Kaum eng gutt Ausgangspositioun, fir an Zukunft vu globalen Acteure wéi den USA, China a Russland eescht geholl ze ginn.