Commentaire vum Anne WolffWalen an den USA: Kriminell géint Fragil

Anne Wolff
D’Amerikaner feieren en Donneschdeg hiren Nationalfeierdag, den “Independence Day". Ma deem engen oder aneren dierften trotz Freedefeier a Partystëmmung d’Walen am November Suerge maachen, besonnesch no dem leschten Debat tëscht Trump a Biden op der Tëlee. D’Anne Wolff stellt a sengem Commentaire d’Fro, wat eigentlech elo manner schlëmm ass, ee kriminellen oder ee fragille Kandidat?

D’Biller vum CNN-Debat tëscht dem aktuelle President Biden a sengem Erausfuerderer Trump viru genee enger Woch dierften an d’Geschicht agoen - allerdéngs net wéinst hirer brillanter Rhetorik, mee wéinst hiren tragikomesche Momenter.

Commentaire vum Anne Wolff

Zwee eeler Hären, déi iwwert hiert Kënnen um Golfterrain streiden, iwwert hiert Gewiicht diskutéieren, oder dem Trump seng angeblech Affär mat engem Pornostar, wéi seng Fra erwaart huet.

De Biden, deen seng Sätz net fäerdeg kritt an absolut onverständlech Wierder unenee reit. Trash-TV vum Feinsten, deen op de soziale Reseauen eng richteg Flut vu Memes ausgeléist huet.

Wat online fir Entertainment suergt, dierft awer fir déi US-amerikanesch Wieler eng Katastroph sinn: si hunn de Choix tëscht engem verurteelte Kriminellen deen d’Demokratie mat Féiss trëppelt, an engem fragille Biden, deen heiansdo ausgesäit, wéi wann en op der Bün an e Wachkoma gefall wier. Deen et total verpasst huet, säi Bilan mat deem néidegen Elan ze verdeedegen a seng Inhalter un de Public ze bréngen. Duerch säin diffuust Getuddels huet de Biden sengem Géigner d’Feld iwwerlooss, fir déi abstruusten Theorien opzestellen. Sief et dass d’Demokraten Neigebuerener ëmbréngen oder d’Immigrante fir all eenzele Problem an den USA responsabel sinn.

Wann ech am November do wiele misst, wär et fir mech de Choix tëscht Pescht a Cholera. An dat an enger Zäit, wou d’Land mat enger héijer Inflatioun ze kämpfen huet an um geopolitesche Plang mam Krich an der Ukrain an an der Gazasträif konfrontéiert ass.

Eng Woch no der katastrophaler Performance verwonnert et, dass d’Demokrate bis elo trotz Zweiwel aus den eegene Reie weider hannert hirem Kandidat stinn.

D’Fro déi sech hei stellt: Wat ass dann elo déi gréisser Katastroph: déi gefaarte Victoire vum wuel nach fitte mee kriminellen Trump oder awer e Biden, deen offensichtlech net méi op der Héicht fir déi Responsabilitéit ass.

Back to Top
CIM LOGO