
Och a verschidde Lycéeën ass den Handyverbuet scho Realitéit. Ma wat geschitt, wann d’Kanner de Klassesall bis verloossen? A missten déi Erwuessen net och einfach emol den Handy ewechgeholl kréien? Déi Froe stellt d’Marlène Clement an engem Commentaire.
Datt den Handy net méi aus eisem Alldag ewechzedenken ass, dat mierkt ee spéitstens dann, wann een en emol doheem vergiess huet. Oder stellt Iech emol vir, Dir gitt an d’Vakanz an hutt keen Handy dobäi? Keen digitale Boarding-Pass, keng App, fir den Taxi ze bestellen, kee Google Maps, fir vun A op B ze kommen. Onvirstellbar! Ma och schonn een Dag ouni Handy oder nëmmen e puer Stonne sinn hautdesdaags ee richtegen Challenge. Nieft der funktioneller Ofhängegkeet spillt nämlech och déi psychesch eng Roll. An dofir gëtt et och ee Begrëff : Nomophobia, also d’Angscht, keen Handy bei sech ze hunn.
Wann et awer ëm d’Wuel vun de Kanner geet, da si mer eis all eens: Am Beschten esou wéineg Zäit um Handy ewéi méiglech. Sinn d’Kanner awer am Restaurant e wéineg opgedréit oder langweile sech, da kréie se gären emol een Tablett oder Handy virun d’Nues gehalen. A wéi sollen déi Jonk sech un eppes halen, wat déi Erwuesse selwer net hikréien? Dat ass, wéi wann ee sengem Kand géing soen, “Fëmmen ass net gutt”, a sech dann eng Zigarett ufänkt.
Ma genee sou ass et awer. Enger Etüd vum Statec no vun 2022 sinn et nämlech net déi Jéngst ënnert eis, déi am meeschten Zäit hannert dem Bildschierm verbréngen, ma déi tëschent 17 an 30 Joer, mat am Duerchschnëtt stolzen 314 Minutten, also iwwer 5 Stonnen den Dag. Déi Jonk tëschent 12 a 16 kommen op 4 Stonnen den Dag. A bei den Enseignanten, déi bei der Ëmfro matgemaach hunn, sinn et 3 Stonnen a 40 Minutten.
Mä wéi kritt een da lo déi Erwuessen dozou, den Handy emol op d’Säit ze leeën? Ëmmer méi dacks héiert een an deem Sënn, zemools am Ausland, vu sougenannten “Offline-Zonen”. Also Plazen oder Evenementer, wou de Gebrauch vum Smartphone oder Laptop net toleréiert gëtt. Esou zum Beispill an Offline-Clubs zu London, Dubai oder Berlin. Do bezuelen d’Visiteuren esouguer Entrée, fir den Handy ofgeholl ze kréien. De Smartphone gëtt an der Entrée an eng Këscht geluecht an da gëtt nees richteg matenee geschwat, et gëtt gemoolt, geschriwwen, gestréckt. Also alles dat gemaach, wat duerch de stonnelaange Gebrauch vum Handy ze kuerz kënnt.
Manner Ecran, méi Zäit an der analoger Welt, dat ass d’Zil vun der Regierung fir déi Jonk. An dat ass enorm wichteg. Et gëtt awer och dréngend Zäit, sech deem Thema bei den Erwuessenen unzehuelen.