
Vläicht net wichteg, ower...
Dausende vu Leit fueren dëser Deeg laanscht eng grousseg Wiss, op deer Dosende vu Béischten ouni e Quadratmeter Schiet an der voller Sonn stin; déi arem Louderen (Limousins) hunn einfach keng Chance! Dat ass op der Strooss vu Märel laanscht d’Police erop op Stroossen (rue de Strassen).
Esou eppes nennt een dach ‘Déierequälerei’, oder? Mä da misst déi Märeler oder Stroossener Police dach agräifen; dee Misère dauert ewell joerelaang...dem Bauer schéngt et egal, a mir bekëmmeren äis jo ëm näischt, gelldir. Wéi ass et dann hei mat eisen ommelzege ‘Déiereschützer’ an dem Gesetz, oder gëllt dat nëmme fir Muppen a Munnien?
Mol kucken ob keen sech deer Saach unhëlt.
Lex Roth