
Et ass interessant an de soziale Medien nozekucken, wéi sech ëmmer di selwecht Lëtzebuerger als “Israel-Bashers” ervirdinn. Mä déi, di hei gemengt sinn, soe quasi ni eppes iwwer Syrien, de Libanon, Jordanien, Saudi Arabien, Iran, Pakistan, Palestina, d’Tierkei, … ? Si soen och ni eppes iwwer d’Behandlung vun de Palestinenser a Jordanien an am Libanon. Firwat gi se do net als vollwäerteg Bierger unerkannt? Wat net de Fall ass, fir déi Palestinenser, déi an Israel bliwwe sinn. Si kënne studéieren, als Dokteren, Infirmieren, Techniker, etc. schaffen, esou guer an der israelescher Arméi déngen. Si hunn en israelesche Pass.
A firwat schwätzen déi Leit ni iwwer di excellent Bezéiungen vun der gréisster israelescher Gewerkschaft Histadrut mat der allgemenger palestinensescher Gewerkschaft PGFTU? Histadrut verdeedegt d’Rechter vun de palestinenseschen Aarbechter, déi an Israel schaffen. Ass dat üblech an engem sou genannten “Apartheidstaat”, deen anscheinend am gaangen ass e “Genozid” ze verüben?
Wann een e Verdeedeger vun de Mënscherechter ass, e Verdeedeger vun de Fraerechter, e Verdeedeger vun de Fräiheeten am Allgemengen, y compris der Presse- a Meenungsfräiheet, da muss een iwwer ganz vill Staate schwätzen, ier Israel un d’Rei kënnt. Et muss een sech d’Fro stellen, wat déi Leit, déi bei eis keng Geleeënheet ausloossen fir Israel ze attackéieren, undreift. Déi sech esouguer fir di degueulasse Campagne fir israelesch Kënschtler ze boykottéieren staark maachen. Firwat riichten se hire Fokus an deem Deel vun der Welt, an deem Mënscherechtsverletzungen un der Dagesuerdnung sinn, grad op Israel, där eenzeger Demokratie, déi et do gëtt. Grad op Israel, engem ganz speziellen historesche Fait, deen net a Fro ze stellen ass, a scho guer net vun Europäer. Well et ass an Europa wou de Genozid vu 6 Milliounen europäesche Judde stattfonnt huet, fir net vun den onzielege Massakeren ze schwätzen, déi der Shoah virausgaange sinn.
Déi Kategorie vu Leit vermeit d’Wuert „Judden“ a benotzt duerfir de Begrëff „Zionisten”. A si sinn domat am selwechte Camp ewéi esou onéierlech a verluge Personnagen ewéi en Dieudonné, ewéi e Soral (dee viru kuerzem zu 1 Joer feste Prisong veruerteelt ginn ass), an engem Negationist ewéi dem ex-President vum Iran, Ahmedinedschad, ... Och wann ee vill un der Politik vun der rietsextremer Netanyahu-Koalitioun kann aussetzen, muss een oppassen, dass een net d’Propaganda vun deenen iwwerhëlt, déi net acceptéieren, datt et Israel gëtt. Also d’Propaganda vun “eliminatoreschen Antisemitten“!
„Antisemitismus das geht nicht unter Menschen“, huet de sozialisteschen Anarchist a Pazifist Gustav Landauer geschriwwen, dee bal genee virun 100 Joer, den 2. Mä 1919, zu München an engem Prisong vu rietsextreme Freikorps doutgeschloe ginn ass.
Zum Zionismus: di zwee bedeitendst Virdenker vum Zionismus, de russesche Judd Leon Pinsker (1821-1891; „Autoemancipation! Mahnruf an seine Stammesgenossen von einem russischen Juden“, 1882) an den ungaresch-éisträichesche Judd Theodor Herzl (1860-1904; „Der Judenstaat“, 1896) waren Allenzwee keng bedéngungslos Verdeedeger vu Palestina, als “zukünfteg” Heemecht vun de Judden. Si haten eng pragmatesch Approche a sinn net vum biblesche Verspriechen vun der „Rückkehr“ (Alija) an Eretz Israel, der historescher Heemecht vun de Judden, déi vun de Réimer den Numm „Palestina“ kritt huet, ugedriwwe ginn. Si wollte just, dass no all deene grausame Pogromen an Europa, no 1000 Joer Juddeverfolgung (vir emol nëmme bis zu de Kräizzich zréckzegoen), d’Judde kënnten iergendwou op der Welt all zesummen a Fridde liewen an hir eegen Natioun opbauen (deemools ware mer an Europa voll an der Period vun der Bildung vun Nationalstaaten). Si hu verschidde Regiounen an der Welt als Méiglechkeeten an d’Gespréich bruecht: a Südamerika, an Nordamerika, an Afrika an am Mëttleren Osten. Duerzou schreift den Herzl a sengem Manifest „Der Judenstaat“:
„Der Judenstaat ist allerdings als eine ganz eigentümliche Neubildung auf noch UNBESTIMMTEM Territorium gedacht. Aber nicht die Länderstrecken sind der Staat, sondern die durch eine Souveränität zusammengefassten Menschen.“
Elo ass et Judäa ginn, dat Gebitt, aus deem d’Judden vun de Réimer definitiv am Joer 135 vun eiser Zäitrechnung verdriwwe si ginn an dat d’Réimer dunn ëmbenannt hunn a „Syria-Palaestina“. Si sinn dohin zréckgaangen (aus Seensucht, well se wärend där ganzer Zäit u Jerusalem geduecht hunn, sech no Jerusalem gedréint hu fir ze bieden, Jerusalem besongen hunn, hir Doudeg mat de Féiss no Osten begruewen hunn, fir dass hir Aen a Richtung Jerusalem gedréint waren, ...). Si hunn do no 1.813 Joer forcéiertem Exil nees e Staat opgebaut, deen haut all Judd, dee géif iergendwou an der Welt verfollegt ginn, eng protegéiert Heemecht bitt.
Allerdéngs ass dee Staat ëmginn vun eliminatoreschen Antisemitten, wat natierlech eng aner Politik bedéngt, ewéi déi, di an eisen europäeschen Demokratien üblech ass. Ouni awer domat eventuell Verletzunge géint den Droit international ausserhalb vun Israel vis-à-vis vun de palestinenseschen Nopeschpopulatiounen wëllen ze entschëllegen. Wann d’Regierung vun deem Staat eng inacceptabel Politik mécht, da mussen d’Bierger vun deem Land am Kader vun der demokratescher Uerdnung, déi do besteet, Oppositioun dergéint maachen. Genee esou wéi dat an aneren Demokratien och de Fall ass. De Staat Israel besteet a bleift bestoen. A prendre ou à laisser! Dat direkt oder indirekt a Fro stellen nennt een “Antizionismus”!
Also: “ANTISEMITISMUS DAS GEHT NICHT UNTER MENSCHEN!” A kenger Form, och net an enger verstoppter Form ënner dem Begrëff Antizionismus!