
Se war dach iwwerraschend, d’Annonce vum Nach-OGBL-President André Roeltgen, datt d’Patronatsvereenegung UEL an där hire Virsëtzende Nicolas Buck keng Dräiergespréicher am Kader vum Sozialdialog an eisem Ländche méi wéilte féieren.
Ma wéi konnt et esouwäit kommen, froen ech mech, a wuel och nach vill aner Leit. Wéi ass et méiglech datt op eng Kéier d’Fronten därmoosse verhäert sinn an et zu esou engem Eclat kënnt? Eng méiglech Äntwert op déi Fro fënnt ee, wann een e bëssen an di mi rezent politesch Vergaangenheet siche geet.
Am Hierscht 2018 war d’Resultat vun de Chamberwalen dach e bëssen iwwerraschend. Am Géigesaz zu esou munche Pronostiquen haten de Claude Wiseler a seng CSV d’Walen net haushéich gewonnen. Di Chrëschtlech Sozial haten esouguer méi oder manner hefteg Verloschter ze verquëssen. Dem géintiwwer haten d’Parteien aus der Dräierkoalitioun net esouvill verluer, wéi oft gemengt gi war, a schlussendlech sollt et duergoen vir eng Neioplo vu Gambia. Esou wäit esou gutt.
Ma erënnere mer eis un d’Phas direkt no de Koalitiounsverhandlungen. Do war et zemools bei de Sozialisten bis de leschte Moment alles anescht ewéi kloer datt d’Parteibasis och tatsächlech de Koalitiounsaccord géif ofseenen an domat de feu vert vir Gambia II ginn. Ënnert anerem war et de sougenannte lénkse Fligel an der LSAP, mat net zulescht senger Galiounsfigur Nico Wennmacher virop, dee scho virun de Walen anstänneg seng Muskele spille gelooss huet a mam schwaache Resultat vum éischter liberalen Etienne Schneider am Réck konnt dofir suergen, datt sech seng Fuerderungen an enger Neioplo vu Blo-Gréng-Rout erëmfannen. Bedenkt een, datt d’Tess Burton, déi eigentlech en Usproch op e Ministeschposten gehat hätt, souzesoe mir näischt dir näischt écartéiert gouf, vir stattdessen dem OGBL-noen Duo Kersch-Bofferding, respektiv der Kersch-Vertrauten Paulette Lenert, de Virtrëtt ze loossen, sou gëtt den Afloss vun deem lénkse Fligel an der LSAP dach relativ däitlech. De Nico Wennmacher, Éierepresident vun der Eisebunnergewerkschaft Landesverband an de Nando Pasqualoni, pensionéierte Gewerkschaftler a Mann vun der fréierer Escher Buergermeeschtesch Vera Spautz, déi d’ailleurs och OGBL gefierft ass, haten hiren Terrain als Initiateuren vun e sëlleche Bréiwer un d’Parteileedung mat Ënnerschrëfte vun etlechen treien LSAP-Parteizaldoten am Virfeld vun de Chamberwalen gutt preparéiert.
Gi mer elo nach e bësse mi wäit, da war et am Joer 2016 d’Reform – oder war et dach awer eng Doutgebuert? – vum sougenannte PAN-Gesetz , wat sengerzäit vir einjermoosse Gedäisch ënnert de Sozialpartner gesuergt hat. Héiert een sech e bëssen em, da stellt ee fest, datt do nach ëmmer de Virworf am Raum steet, den deemolegen Aarbechtsminister Nicolas Schmit hätt d’Patronat bewosst op d’Aen gedréckt an ausgemaachten Engagementer net agehalen. Et war an dem Kontext schonn opfälleg, wéi oft Schmit, Kersch a Compagnie op Fotoen vun dësem oder deem Patt am Bouneweger Casino ze gesi waren. Ass d’LSAP also ënner Drock vum lénkse Fligel ënnert der Leedung vun e puer eelere Gewerkschaftler vu (vir)gëschter a steet duerch e Pyrrhussieg méiglecherweis eise Lëtzebuerger Sozialmodell um Spill?
Den Dan Kersch ass haut Aarbechtsminister an d’Taina Bofferding Inneministesch. Zwee wichteg Ministèren sinn also momentan fest an OGBL-noer Hand, wärend d’Patronat anscheinend keen Interêt méi gesäit vir nach weider mat de Gewerkschaften um Dësch ze sëtzen.
Philippe Hoffmann