Lieserbréif vum Jean-Jacques ToussaintEuropa: Eis Lëtzebuerger Kandidaten!

RTL Lëtzebuerg

Nodeems déi 10 lëtzebuerger Leschte fir d’Europawalen publizéiert sinn stellen ech mir d’Fro op d’Politiker näischt verstan hunn oder op d’Politiker an d’Parteien weider wëllen de Geck mam lëtzebuerger Vollek maachen? Behaapten dach, virun allem déi Grouss Parteien, Sie hätten iwwer 7.000 a méi Memberen, esou sinn ech dach erstaunt dass bei de Gemengewalen, Chamberwalen a bei den Europawalen een Deel vun deene selwecht Leit ugetruede sinn oder untrieden.

Wann eng Partei esou eng grouss Zuel vun aktiven Memberen huet, da misst et jo méiglech sinn bei de Gemengewalen, Chamberwalen an Europawalen all kéier aner Kapabel Leit opzesetzen, Leit déi sech dann fir déi verschidden Interessen an Themen an deenen verschiddenen Gremien kéinten interesséieren an sech besser an déi eenzel Dossieren aschaffen an eppes Positives fir d’Gemeng, d’Land an oder Europa Bewierken anstatt dass déi mat Duebele Mandater ausser méi eng deck Pai « entschëllegt Indemnitéit » sech mussen fir d’Gemeng oder d’Land décidéieren.

Muecht an Geld war nach ëmmer d’Verdiefnis vum Mënsch an et ass och an der Politik net anescht.

Jo et kann e saï Gléck jo e puer Mol probéieren falls ee net gewielt ginn ass, méi blöd gëtt awer wann een senger Liewen och déi 3 Kéiere gewielt ginn ass oder gëtt!

Ass dat net de Geck mam Vollek gemaach fir dee lëtzebuerger Ausdrock net ze benotzen?

Bleift deen Europa gewielten dann Gemengeconseiller, oder an der Gemeng an gegebenefalls an der Chamber oder geet Deen oder Dat dann an d’Europarlament?

Egal wat Hien oder Sie, no den Europa Walen décidéiert, oder wéi heescht et hanner Not esou Schéin « Wat meng Partei wollt », ass dann net den Europa Wieler oder déi aner zwee Wieler bei de Gemengen oder Chamberwalen Bedru ginn a Verdommt ginn?

Wéi heescht et esou schéin an der Kathoulescher Bibel:Matheaeus 6.24: an an der Luther Bibel 1912 « Niemand kann zwei Herren dienen: Entweder er wird den einen hassen und den andern lieben, oder er wird an dem einen hängen und den andern verachten. » an dat ass sécherlech och Wouer fir eis lëtzebuerger Politiker a net nëmme fir Politiker!

An dann déi, déi mat iwwer 60 nach wëlle weisen wat Sie nach kënnen. Et ass e Witz dass een nach mat 65 Joer mengt missen sech fir Europa ze engagéieren. Am Vatikan, mengen se och nach ëmmer missen een 60 oder 80järegen oder nach méi een Alen als Poopst ze wielen. De President vun den USA huet och 72 Joer. Gitt dach endlech op National oder Europäesch de Jonken eng Chance! Et ass hier Zukunft!

Europa brauch d’Wëssen, de Rot an d’Geschichts Kenntnisser vun deenen Eeleren, awer Europa soll Dirigéiert ginn vun deenen Jonken an deenen ënner 60 Joer. Déi iwwer 60 kéinten deene Jonken jo mat Rot an Dot zur Säit stoen. Mee do wäert net esou vill ze verdéngen sinn? E Rot ënner « Partei »Frënn oder Kollegen ass jo meeschten Deels Gratis!

De Klima Marsch vun deene Jonken beweist dass déi Jonk menger Generatioun 1960 an där vu mengen Elteren 1930 wäit viraus sinn an dass déi Jonk sech fir hier Ëmwelt, hier Zukunft asetzen an interesséieren bereet sinn sech ze Engagéieren.

Ech si stolz op eis Jugend an op hiert Engagement an enger Zäit déi méi schwéier ass fir Sie ewéi zu eiser Zäit.

Wat hunn dann déi jëtzeg Europa Deputéiert mat hiren laangjäregen Erfahrungen am Klimaschutz, Flüchtlingen, Soziales, asw erreecht? Muss hei net neit jonk Blutt eran wann och manner politesch bekannt bei deenen Eelere Wieler déi all déi Joeren net vill gemaach hunn ausser Profitéiert an um Stammdësch gesouert an deck Téin vun sech ginn hunn ?

Back to Top
CIM LOGO