Lieserbréif vum Georgette PundelInformatikwëssen fir e Rendez-vous IRM: De Patient am digitalen Zäitalter

RTL Lëtzebuerg

Am Sekretariat „RADIOlogie"vum Groupe HRS fir e Rz-vs IRM. D’Sekretärin am Guichet ganz kuerz, andeems Si mir d’Ordonnance zréckgëtt!: “Dir musst Iech de Rz-Vs selwer iwwert DOCTENA/Internet huelen. Hei am Sekretariat kritt Dir nëmmen déi läschten méiglechen Datum.” Keng Diskussioun erwënscht!

Fir ob dem Site DOCTENA , IRM (an nach dee richtegen!)ze fannen, ass eng medezinesch Erausfuerderung. Duerno gitt Dir als Patient klinesch Detailer gefrot, zB genau Beschreiwung ob Lenden-, oder Halswirbelsäule, oder knöchernes Becken, rechts oder lenks asw.

- Blockage Site –

Den Här vu der Hotline, huet och seng Schwieregkeet, fir d’Dokument auszefëllen. Fir en definitiven Ofschloss muss een och nach den Häkche machen. V Ich verstehe und akzeptiere die Termininformation der Praxis. Den Här: „et ass d’Klinik déi den Inhalt an Obbau gemaach huet, mir hu mat näischt ze doen."- Schéin –Ech hun nodeems d’Klinik ëmmer nees meng digital Ufro refuséiert huet, zB: si hätte meng Ordonnance net kritt, duerno hun ech hinnen net genuch medezinesch Detailer gin asw. , och versicht unzeruffen. Dixit Repondeur : „Dir musst Är Ordonnance mailen...”

Huet net jiddereen di selwecht Rechter a Méiglechkeet ob medezinesch Hëllef zu Lëtzebuerg?
Muss ech wëssen, a kann ech dëst iwwerhaapt iwwer Internet machen?
Weess ech am Detail genau wat den Dokter/Spezialist opgeschriwwen huet?

Hunn ech dat néideg Informatik-Material ? Muss ech wëssen wéi ech eng Ordonnance weidermailen? Asw.......

Hei gräift d’Klinik, an d Fräiheetsrecht an, well de Patient nëmme begrenzt kann fonktionéieren (Sachzwang ob Däitsch).
Ass dat den Ëmgang mat de Patienten am neien Lëtzebuerger digitalen Zäitalter. Georgette Pundel

Back to Top
CIM LOGO