Lieserbréif vum Roby ZennerStau op der Autobunn

RTL Lëtzebuerg

Jiddereen, dee schonn e puermol op enger Autobunn ënnerwee war, weess, wéi séier datt Stauen entstinn.

Mer wëssen alleguer, datt d’Zuel vun de Gefierer op eise Stroossen all Dag méi grouss gëtt an domat och d’Méiglechkeeten, datt et zu all Dageszäit zu Staue komme kann an och kënnt.

Wann een sech d’Situatioun da méi genee ukuckt, fënnt een zimlech séier eng vun den Haaptursaachen eraus. Als Beispill dozou sief hei just di Escher Autobunn ernimmt.

Knapps ass een zu Esch net emol eng Minutt drop, da geet schonn eng éischt Ausfaart eraus, direkt duerno eng Opfaart aus Richtung Esch, a vun do aus gesäit ee schonn erëm eng Ausfaart op Schëffleng. Knapps huet een déi hannert ech gelooss, da geet et op d’Saarautobunn, an e bësse méi spéit op Féiz, natierlech direkt hannendru mat enger Opfaart.

Esou eng komplett falsch Planung gëtt et wuel net an der ganzer Welt, nämlech datt Aus- an Opfaarten esou ganz no beienee leien. Jidderee weess, datt et bei allen Aus- an Opfahrten noutgedronge méi lues geet; duerfir misst onbedéngt verhënnert ginn, datt se ze no beienee leien. Mee dat ass op deem Deelstéck alles anescht wéi de Fall. De Beweis derfir, datt op deem Stéck di meeschte Stauen doduerch geschafe ginn, well d’Aus- an d’Opfaarte vill ze no beienee leien, kritt een, wann ee gesäit, datt de Verkéier direkt erëm fléissend gëtt, soubal et där keng méi gëtt.

Et fënnt ee wuel néierens an der Welt, datt et do all halwe Kilometer op d’Autobunn erop an erof geet. Wat wier dann, wann ee fir op eng Autobunn erop an erof e Kilometer misst fueren?

Déi sougenannt Spezialisten, déi dat do geplangt hunn, kënnen sech wierklech glécklech schätzen, datt se eis duerch esou eng total falsch Planung fir Generatiounen a Generatiounen belästegen; si brauchen sech dofir jiddefalls guer net ze brätzen.

Roby ZENNER

Back to Top
CIM LOGO