
Leiwen Herr Minister, Leiwen Ministère de l’Éducation nationale an Leiw Administratiounen dei dem Ministère ennerstallt sin, (Als eicht Entschelegen ech mech fier meng Schreiwfehler hei an dessem Text) WAT muss een Kand hun oder wei muss de Zoustand vun engem Kand sin fier dass dier als zoustänneg Administratioun dennen Kanner zur Hellef kommt.
Folgend Sätz schreiwen Ech fier an mengem Fall. Ech waarden mettlerweil seit September 2017, richteg do steet 2017, fier hellef ze kreien fier mein Meedchen dat an der Entweckelung hannendranner ass. Mer als Elteren hun dat och frei erkannt an machen et mettlerweil och op Privatem Wee fier eisem Meedchen hellefen ze lossen.Dat dauert leider och erem vill ze lang well dat vun der CNS muss accordeiert gin, wat jo och erem eng staatlech Administratioun ass. Mer hun eis an eichter Instanz un die Zoustänneg Administratioun gewennt fier alles an Weer ze leeden fier die Eicht Hellef ze kreien. Die Persounen die eis do hellefen sollten hun eng Mega gudd Aarbecht gemeet (sou weit et gangen ass) dass dat sou seier wie meigleg weider geet. An wat krutten mer no laanger Waardezeit ???
3 Refus’en vun enger Instanzt mei heisch, sprech dem Ministère de l’Éducation nationale. An wisou krutten mer die Refu’es ? Keng Ahnung mer krutten nie eng Äntwert. Ass dat dann Richteg vun eisem Ministère Elteren am Onkloeren ze lossen ??? No 18 Meint dunn awer endlech eng Äntwert (Wann och keng 100% korrekt Äntwert an och keng secher) … An zwar kruten mer Refus’en weinst ADMINISTRATIVEN Grenn. Hallo wat soll dat heschen. Administrativ Grenn. Wann mer gefrot hun wisou die Procedure sou lang daueren heescht et sust „Dass een Transisiount-Joer“ well vill intern geännert geet. Mee ass dat een Grond dass Kanner dorenner leiden muss well eng staatlech Administratioun et net hinkritt sech hem Kanner ze kemmeren während Ännerungen sin ??? Ech als Papp sin no deier laanger Waardezeit emmer mei frustreiert gin an hun den Glaawen drun verluer dass die zoustännech Administratiounen et hin kreien mengem Meedchen ze hellefen. Ech lossen duerch mein Frust an mein deprimant Verhallen mein Emfeld mat drenner leiden.Ech kann frou sin dass mengem Meedchen seng Jofferen, wou ech soen kann dass die einfach nemmen genial Aarbecht leeschten, mengem Kand die Hellef gin wou se kennen.
Leiwen Ministère. Ech sin mer secher dass mer net als eenzeg am Fall sin die op Hellef ungewissen sin. Hun och schon mat anner Leit driwer geschwaart die och lang amgangen sin ze kämpfen fier dass die neideg Messuren geholl gin fir eisen Kanner ze hellefen. Denkt drun et geet em Kanner an em Zukunft vun hinnen, an net em een nationalen Fussballstadion oder onnetz Petitiounen op een op enger Terasse femmen kann oder net. NEE ech soen et wiederhuelt, ET GEET EM EIS KANNER Leiwen Ministère an och Administratiounen, Ech hun es wierklech no 20 Meint genuch an kann meng Roserei net an Wieder faasen fier ze soen dass die Aarbescht die der macht net der Wourecht entsprecht wie der erch no baussen bei der Population gidd. Ech kann et net oft genuch wiederhuelen an soen dass et em eis Kanner geet. Do kann et net sin dass een mei wie 3 Meint misst waarden fier dass dat mat der hellef klappt. Vun engem frusteierten an rosenen Papp.