D'Parteie sinn am Gaangen, sech hir Kandidate fir d'Chamberwahle beieneenzesichen.

Eng Aufgab, déi dëser Deeg emol bei der CSV um Niveau vun de Bezierker geschitt.

Och bei der CSV am Osten goufe se sech um Mëttwoch den Owend iwwert déi 5 vu 7 Kandidaten eens, déi de Bezierk nominéiert: dëst sinn nieft de "Sortanten" Octavie Modert, Léo Gloden a Françoise Hetto nach d'jonk Schäffen Stéphanie Weydert vu Mompech an de Wormer Buergermeeschter Max Hengel. Och am Oste ginn also nach 2 Kandidaten no-nominéiert.