7 vun 9 CSV-Kandidaten am Bezierk Norden nominéiert
Nom Zentrum an Osten, huet d'CSV och elo hir Lëscht mat de Kandidaten fir de Bezierk Norden fir d'Chamberwahlen am Oktober sou gutt wéi stoen.
E Méindeg goufen um Niveau vum Bezierk Norden déi éischt Nimm festgeluecht. Vun deenen am Ganzen 9 Kandidaten, goufen der antëscht 7 nominéiert.
RTL-Informatiounen no sinn dat virop déi 4 aktuell Deputéiert Martine Hansen, Emile Eicher, Aly Kaes a Marco Schank. Nominéiert gouf donieft déi aktuell Buergermeeschtesch vu Buerschent, Annie Nickels-Theis. Si ass zanter 2005 Gemengemamm. Op der Lëscht steet och den Ettelbrécker Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf. Hie war scho vun 2004 bis 2013 Nord-Deputéierten an ass zanter 2005 Buergermeeschter vun Ettelbréck. Nominéiert gouf och de Christophe Hansen, Gemengeconseiller vu Wanseler an éischten Ersatz op der Europalëscht.
Elo mussen nach 2 Kandidate vum Weiserot vun der CSV nominéiert ginn, fir dass d'Lëscht komplett ass. Dës 2 Kandidaten dierften aus dem Réidener, respektiv Dikrecher Kanton kommen. Um CSV-Konvent gëtt de 24. Mäerz iwwert déi komplett Lëschten ofgestëmmt.
An den nächsten Deeg dierft d'CSV och hir Lëscht mat de Kandidate fir de Süden ufänken opzestellen.