Rendezvous bei Logementskommissioun en Donneschdeg
D'Affaire Miltgen-Nagel kënnt elo eréischt richteg an d'Rullen: D'Oppositioun huet e Méindeg gefrot, dass d'Logementskommissioun d'Urgence zesummekënnt.
Wéi et an enger Demande vun den CSV-Deputéierte Wiseler a Lies heescht sollt d'Ministesch Maggy Nagel an där Reunioun, Explikatiounen iwwert d'Revocatioun liwweren
En Donneschdeg ass elo. D'Ministesch geet en Donneschden de Moien um 8.00 Auer an d'Logementskommissioun fir d'Deputéiert z'informéieren.
D'CSV hat och d'Präsenz vum Daniel Miltgen an där Reunioun gefrot. Den Direkter vum Fong wier awr net derbäi. Firwat ass net gewosst.
De Marc Lies selwer ass ee vun de Vize-Presidenten an der Logementskommissioun, wou de Guy Arendt d'Presidence huet.
Daniel Miltgen reagéiert mat engem 2. Bréif
Hien hat eng Woch Zäit fir z'äntweren, an hien huet dat gemeet: Den Daniel Miltgen huet e Méindeg mat engem weidere Bréif reagéiert.
Den Daniel Miltgen, dee jo als Direkter vum Fonds du Logement vu senge Funktioune sollt revoquéiert ginn, geet doranner op déi eenzel Kritikpunkten an: esou gëtt hien Detailer iwwert de Finanzement vum Fong, iwwert de Gebrauch vun de staatlechen Dotatiounen an iwwert de Bréifechange Nagel-Miltgen zanter dem Dezember.
Dem héije Beamte ware jo e Manktem un Transparenz a Kommunikatioun reprochéiert ginn, jo esouguer eng Impressioun, datt et keng Direktioun, kee Leadership am Fong géif ginn, hat d'Ministesch hireresäits an hirem Recommandé vum 6. Mäerz notéiert.
Den Toun am Bréif bleift sachlech, den Daniel Miltgen ass drëms beméit, Fakten schwätzen ze loossen.
Esou gëtt betount, datt d'intern Organisatioun vum Fong allen interne Regele géif entspriechen, sou datt den Här Miltgen all Reprochen an Uschëllegungen an deem Sënn vu sech weist. Och de Reproche vun engem Manktem u Kommunikatioun léisst hien net gëllen. D'Propositioun vu regelméissege Reuniounen tëscht Nagel a Miltgen wier vun der Ministesch acceptéiert ginn, mä där wieren et der nëmmen zwou bis dato ginn.
Annexe inclus huet de Bréif vum Daniel Miltgen 5 Säiten. Elo bleift ze gesinn, wat d'Reaktioun aus dem Logementsministère ass. Alles wat net op eng Revocatioun vum Daniel Miltgen un der Spëtzt vum Fonds du Logement géif erauslafen, wier duerchaus eng gréisser Iwwerraschung.
LINK: RTL-News vum 27.2.15 mam 1. Bréif vum Daniel Miltgen un d'Logementsministesch Maggy Nagel