Personaldelegatioun erkläert hire Standpunkt
Miltgen, Schank, Nagel
An der Affaire Nagel-Miltgen stellt sech d'Personaldelegatioun vum Fonds du Logement indirekt hannert den Direkter vun deem Fong.
Wéi de Fong an d'Gespréich komm ass, hätt d'Delegatioun direkt eng Entrevue mam Ministère gefrot. D'Personal an de President vum Fonds du Logement wieren iwwer déi Demarche um Courant gewiescht. Dëst hätt ee gemaach, fir d'Interesse vun de Mataarbechter ze verdeedegen.
D'Reunioun mat der Ministesch wier konvenabel gewiescht. Et gëtt am Schreiwes och ënnerstrach, dass een an der Entrevue e puer Mol drop higewisen hätt, datt d'Kommunikatioun tëscht dem Personal an der Direktioun vum Fong sech déi lescht Jore vill verbessert huet.
Ausserdeem betount d'Delegatioun, datt d'Leit am Fong géinge gutt schaffen, och wann ee sech bewosst wier, datt nach Verbesserungen ze maache sinn. Ma de Fait, datt een aktiv um externen Audit géif partizipéieren, géif jo weisen, datt ee matschaffe wéilt an zum Dialog bereet ass.
PDF: Schreiwes Personaldelegatioun.
Um Donneschdeg ass de Clash tëscht der Ministesch an dem Fong-Direkter jo och e Sujet an der Logementskommissioun. D'Oppositioun hat e Méindeg gefrot, dass d'Logementskommissioun d'Urgence zesummekënnt.
Wéi et an enger Demande vun den CSV-Deputéierte Wiseler a Lies heescht, sollt d'Ministesch Maggy Nagel an där Reunioun Explikatiounen iwwert d'Revocatioun liwweren. D'Ministesch geet en Donneschden de Moien um 8.00 Auer an d'Logementskommissioun fir d'Deputéiert z'informéieren.
D'CSV hat och d'Präsenz vum Daniel Miltgen an där Reunioun gefrot. Den Direkter vum Fong wier awer net derbäi. Firwat ass net gewosst.
De Marc Lies selwer ass ee vun de Vize-Presidenten an der Logementskommissioun, wou de Guy Arendt d'Presidence huet.
Daniel Miltgen reagéiert mat engem 2. Bréif
Hien hat eng Woch Zäit fir z'äntweren, an hien huet dat gemeet: Den Daniel Miltgen huet e Méindeg mat engem weidere Bréif reagéiert.
Den Daniel Miltgen, dee jo als Direkter vum Fonds du Logement vu senge Funktioune sollt revoquéiert ginn, geet doranner op déi eenzel Kritikpunkten an: esou gëtt hien Detailer iwwert de Finanzement vum Fong, iwwert de Gebrauch vun de staatlechen Dotatiounen an iwwert de Bréifechange Nagel-Miltgen zanter dem Dezember.
Dem héije Beamte ware jo e Manktem un Transparenz a Kommunikatioun reprochéiert ginn, jo esouguer eng Impressioun, datt et keng Direktioun, kee Leadership am Fong géif ginn, hat d'Ministesch hireresäits an hirem Recommandé vum 6. Mäerz notéiert.
Den Toun am Bréif bleift sachlech, den Daniel Miltgen ass drëms beméit, Fakten schwätzen ze loossen.
Esou gëtt betount, datt d'intern Organisatioun vum Fong allen interne Regele géif entspriechen, sou datt den Här Miltgen all Reprochen an Uschëllegungen an deem Sënn vu sech weist. Och de Reproche vun engem Manktem u Kommunikatioun léisst hien net gëllen. D'Propositioun vu regelméissege Reuniounen tëscht Nagel a Miltgen wier vun der Ministesch acceptéiert ginn, mä där wieren et der nëmmen zwou bis dato ginn.
Annexe inclus huet de Bréif vum Daniel Miltgen 5 Säiten. Elo bleift ze gesinn, wat d'Reaktioun aus dem Logementsministère ass. Alles wat net op eng Revocatioun vum Daniel Miltgen un der Spëtzt vum Fonds du Logement géif erauslafen, wier duerchaus eng gréisser Iwwerraschung.