Bekannten däitsche Salafist op Lëtzebuerg agelueden?
Dës Woch haten d’Awunner vu Péiténg an Déifferdeng e Flyer vun enger Organisatioun mam Numm ”Dawah-Lux" an hirer Breifkëscht leien.
Dawah heescht vum Arabeschen hir iwwersetzt: Invitatioun. Am Flyer ginn d'Leit opgeruff, de Koran ze liesen. U sech jo kee Problem. Och aner Organisatiounen probéieren jo, Leit fir sech ze gewannen .Erstaunte Bierger hu sech awer bei eis gemellt an de Guy Weber huet probéiert erauszefannen, wee sech hannert dëser Organisatioun verstoppt. Hannert Dawah Lux sti jonk Mënschen, déi sech eegenen Aussoen no als onofhängeg ausginn an déi mat kenger Moschee oder Associatioun kooperéieren.

Op hirer Facebook-Säit, déi vun iwwert 1.000 Leit geliket gëtt, stéisst een op en interessanten Detail. Dawah Lux invitéiert nämlech op e Seminaire.
Mat ënnert anerem dem Sven Lau. De Sven Lau ass en däitsche Staatsbierger. Hien huet 1998 zum Islam convertéiert an heescht haut Abu Adam. De Mann huet op enger islamescher Fakultéit an der Belsch an och an Ägypten studéiert.
Esou wäit. Esou gutt.
Mä den Abu Adam gëtt an der däitscher Press als Hardcore-Islamist a Salafist betitelt.
Op senger eegener Internetsäit weist de Mann sech zesumme mam bekannten däitsche Priedeger a Salafist Pierre Vogel.
De Sven Lau stoung an den leschten Joren ëmmer nees am Viséier vun Police, Justiz a Verfassungsschutz bei eisen däitschen Noperen. Hie souz zejoert och 3 Méint an Untersuchungshaft an gouf verdächtegt, IS-Terroristen a Syrien ënnerstëtzt ze hunn.
Dëse Mann soll also vun Dawah Lux op Lëtzebuerg agelueden ginn. En Datum vum Seminaire steet nach net fest. Wou de Seminaire ofgehalen gëtt och net.
D’Organisatioun “Dawah Lux” huet sech no Nofro vun RTL hin um Freideg den Owend gemellt. Si wieren och prett, fir iwwer de Sujet ze schwätzen. Suite geschwënn op dëser Plaz.
E Reportage iwwert déi mysteriéis Organisatioun an hir bizarr Invitatioun op e Seminaire mam Abu Adam gëtt et den Owend am Journal op RTL Télé Lëtzebuerg.