
Aktuell sinn 81 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 9 Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.249.065 Impfdosisse genotzt.
Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 227,73 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 140,42 op 100.000.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,66. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.
*An engem éischte Schreiwes hat d’Santé vu 5.053 Tester geschwat, déi Zuel gouf méi spéit no ënne corrigéiert.