Iwwert de Weekend1.581 positiver bei 4.264 Tester, 24 Leit am Spidol

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.094 bliwwen ass.
© RTL

D’Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d’Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.

Aktuell sinn 24 Persounen hospitaliséiert, dovunner kee Patient op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.286.292 Impfdosisse genotzt.

D’Reproduktiounszuel läit bei 1,01. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Positivitéitstaux louch e Sonndeg bei 10,94 Prozent. (42 positiver bei 384 Tester)

D’Statistike vun der Santé am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO