Auto op der Kopp1 Blesséierte bei Accident zu Heeschdref

RTL Lëtzebuerg
Géint 8.47 Auer huet sech zu Heeschdref an der Lëtzebuerger Strooss en Auto iwwerschloen, 1 Persoun gouf dobäi verwonnt.

Donieft mellt de CGDIS weider Accidenter. En Automobilist huet an der Nuecht op e Méindeg zu Iechternach d'Kontroll iwwert säi Won verluer an ass an 2 Gefierer gerannt, déi laanscht d'Strooss stoungen. Beim Accident ass kee blesséiert ginn, allerdéngs war den Alkoholtest positiv. De Permis war op der Plaz fort.

Um CR308B tëscht Rammerech a Gréiwels krut en Automobilist kuerz no 7 Auer e Bam ze paken. Och hei ass de Bilan 1 Blesséierten.

Op der A13 am Tunnel Markusbierg gouf et e Méindeg de Moien eng Kollisioun tëscht engem Camion an engem Auto. 2 Persoune goufe verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO