
D’Ekippe vum CGDIS waren gëscht den Owend zu Sëll, um Belair an der Stad an zu Ettelbréck all Kéiers am Kontext vu Feier respektiv Damp am Asaz. Blesséierter sinn net gemellt.
Um Samschdeg de Moie géint 9.15 Auer sinn um Houwald an der Rue Edouard Oster 2 Autoen net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf verwonnt. D’Stater Pompjeeën an Ambulanz waren am Asaz.
Der Police sinn an der Nuecht op e Samschdeg e puer Chaufferen opgefall, déi ze vill gedronk haten. Zu Esch ass e Chauffer um Boulevard Prince Henri ZickZack gefuer a gouf dowéinst aus dem Verkéier gezunn. An um Lampertsbierg war en Automobilist opgefall, well en iwwert eng Verkéiersinsel gefuer war wéi en ofgebéit ass. Och dee Chauffer hat ze vill gedronk. Hie krut de Permis ofgeholl.
D’Police huet donieft bei enger ordonéierter Alkoholkontroll zu Esch 2 Fürerschäiner op der Plaz agezunn an 10 Protokoller a 6 Avertissement taxé geschriwwen.