Tëscht dem Iergäertchen an dem Tunnel Houwald1 Blesséierte bei Kollisioun op der A1 a Richtung Stad

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS schreift, gouf en Dënschdeg den Owend eng Persoun bei engem Accident op der Autobunn A1 blesséiert.
© RTL

Géint 20 Auer waren zwee Autoen op der A1 tëscht dem Iergäertchen an dem Tunnel Houwald net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf bei der Kollisioun blesséiert.

Um Asaz waren d’Rettungsdéngschter aus der Stad an d’Pompjeeë vun Hesper.
Den 112 mellt da weider zwee Autosaccidenter e Mëttwoch de Moie mat all Kéier engem Blesséierten, dat war tëschent Béiwen an Noutem um 10.15 Auer an op der Collectrice du Sud tëschent Lankelz a Suessem fënnef Minutte méi spéit.

Isolatioun vun Daach a Feier

Donieft waren d’Rettungsekippen aus der Stad géint 21.30 Auer op en Asaz an der Rue Pierre Hentges zu Bouneweg geruff ginn. Hei gouf eng Persoun beim Brand vun enger Isolatioun vun engem Haus blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO