Méi wéi eng Fro vum PassAuslänner oder Lëtzebuerger? Eng Statistik mat ville Facetten

Loretta Marie Perera
iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
Bal d'Hallschent vun der Bevëlkerung zu Lëtzebuerg gëllt offiziell als "auslännesch" – mee hannert där Bezeechnung verstoppt sech eng vill méi komplex Realitéit.
EU flags in the European Council building Forum Europa during the EU Leaders Summit in March 2019.
De Fall vun Awunner, déi zënter Joerzéngten zu Lëtzebuerg liewen, sech awer net abiergere loossen, ass virun allem bei EU-Bierger ze observéieren.
© NICOLAS ECONOMOU/NurPhoto via AFP

Déi original a komplett Versioun vun dësem Artikel kënnt Dir op Englesch bei eise Kolleege vum RTL Today liesen.

Zënter 2025 maachen d'Lëtzebuerger Staatsbierger 52 Prozent vun den Awunner aus, wärend déi aner 48 Prozent kee Lëtzebuergesche Pass hunn. Zu där Grupp gehéiere Leit, déi grad eréischt op Lëtzebuerg geplënnert sinn, Familljen, déi zanter Generatiounen am Land liewen, EU-Bierger, déi ni e Grond gesinn hunn, sech abiergeren ze loossen, souwéi awer och Net-EU-Bierger, fir déi d'Lëtzebuerger Nationalitéit nach eng wichteg Sécherheet bedeite kann.

Lëtzebuerg zitt zanter laangem Migranten aus ganz Europa un – besonnesch aus Portugal, Frankräich, Italien an der Belsch. Mëttlerweil gëtt déi auslännesch Bevëlkerung awer ëmmer méi divers.

Indien, Syrien a China waren 2025 déi wichtegst Hierkonftslänner fir nei Openthaltsgeneemegunge fir Bierger aus Drëttstaten, wärend d'ukrainesch Communautéit zënter 2022 staark gewuess ass. Aarbechter-Mangel, Ännerungen an de Migratiounsgesetzer a geopolitesch Krise veränneren deemno d'Demografie vum Land.

Déi offiziell Statistike weisen awer nëmmen en Deel vum Bild. Soubal eng Persoun d'lëtzebuergesch Nationalitéit kritt, gëtt si an de Statistiken nëmmen nach als Lëtzebuerger gezielt, och wa si eng zweet Nationalitéit behält a weider enk mat hiren Originne verbonne bleift.

Gläichzäiteg gëtt en Awunner, deen zanter Joerzéngten zu Lëtzebuerg ass a sech awer ni abiergere gelooss huet, an där selwechter Kategorie "Auslänner" ugefouert wéi een, dee réischt d'lescht Joer ukomm ass.

Dësen Ënnerscheed huet jee no Nationalitéit och eng aner Bedeitung. EU-Bierger kënnen zu Lëtzebuerg liewen a schaffen, ouni dee selwechten Drock ze spieren, sech abiergeren ze loossen. Net-EU-Bierger dogéint mussen dacks hir Openthaltsgeneemegung erneieren a riskéieren, datt Ännerungen an hirer Aarbechts- oder Familljesituatioun hiert Openthaltsrecht a Fro stelle kënnen.

Dobäi kommen nach méi wéi 220.000 Grenzgänger, déi all Dag op Lëtzebuerg schaffe kommen, an eng Bevëlkerung, bei där ronn 80 Prozent op d'mannst een Elterendeel hunn, deen am Ausland gebuer gouf. Doduerch verschwammen d'Grenzen tëscht "Lëtzebuerger" an "Auslänner" ëmmer méi.

Back to Top
CIM LOGO