Alkoholkontroll zu Iechternach303 Automobiliste goufe kontrolléiert, ee Fürerschäi gouf agezunn

Andy Brücker
Bei 9 Chauffere war den Alkoholtest positiv.
© Laurent Weber

D'Police huet an der Nuecht op de Samschdeg tëscht 01:30 Auer a 04:00 Auer an der Rue Alferweiher zu Iechternach am Optrag vum Parquet eng grouss Alkoholkontroll gemaach. Am Ganze goufen 303 Automobilisten op Alkohol getest, och wa kee konkrete Verdacht virlouch.

Bei 9 Chauffere war den Test positiv. A 4 Fäll gouf e Protokoll ausgestallt an an engem Fall gouf de Fürerschäin direkt agezunn.

Zousätzlech huet d'Police nach 6 aner Verstéiss géint de Code de la route festgestallt, ouni awer ze preziséieren, wéi eng dëst waren.

Back to Top
CIM LOGO