
Wéi de CGDIS schreift, wier dobäi eng Persoun verwonnt ginn. D’Pompjeeë vu Munneref an d’Ambulanz vu Réimech waren am Asaz.
Géint 8.40 Auer ass zu Schëffleng an der Avenue de la Libération e Cyclist vun engem Auto ugestouss ginn. Eng Persoun gouf verwonnt.
Am Laf vum Dag koumen dann nach e puer Asätz fir de CGDIS dobäi. Esou gouf géint 12 Auer eng Persoun zu Réimech blesséiert, wéi si en Accident mat hirem Auto hat. Um RN12 krute sech zwee Ween géint 15 Auer ze packen, hei gouf eng Persoun blesséiert. Kee Blesséierte gouf et op der A1 tëscht dem Irgäertchen an dem Tunnel Houwald, wéi sech dräi Ween ze pake kruten.
Dann huet géint 14 Auer eng Poubelle an der Rue du Parc zu Diddeleng gebrannt.