
Aktuell sinn 70 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 13 (+1) Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.216.427 Impfdosisse genotzt.
Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 735,06 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 369,02 op 100.000.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,12. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.