Coronavirus zu Lëtzebuerg1 Doudesaffer, 3.073 positiv Fäll bei 7.894 Tester

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, op 946 klëmmt.
© RTL Archivbild

Aktuell sinn 70 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 12 Patienten op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 1.212.952 Impfdosisse genotzt.

Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 789,83 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 355,36 op 100.000.

Aktuell ginn et 30.823 aktiv Infektiounen.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,08. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO