
Aktuell si 60 Persounen hospitaliséiert, dovunner si 8 Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.258.228 Impfdosisse genotzt.
Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 109,98 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 96,36 op 100.000.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,59. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.