Coronavirus zu Lëtzebuerg1 Doudesaffer, 798 nei Fäll bei 3.082Tester

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, op 986 geklommen ass.
© RTL

Aktuell si 33 Persounen hospitaliséiert, dovunner si 9 Patienten op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 1.260.842 Impfdosisse genotzt.

Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 129,47 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 124,26 op 100.000.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,92. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO