Coronavirus zu Lëtzebuerg1 Doudesaffer méi op 113 am Ganzen, 38 nei confirméiert Fäll

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, op 113 geklommen ass.

D'Altersmoyenne vun den 113 Doudesaffer läit bei 84 Joer, d'Altersmediane bei 85 Joer. 56 Prozent si Männer, 44 Prozent Fraen. 66 Prozent vun den Doudesaffer sinn an der Klinick gestuerwen.

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vun 38 positiv geteste Patienten, 32 vun hinne si Residenten, 6 Non-Residenten. Dat fir den 27. Juli. Et goufen um Méindeg 16.964 Tester gemaach.

Dat sinn elo am Ganze 6.375 positiv Fäll, dorënner 5.206 Residenten an 1.169 Non-Residenten. Den Duerchschnëttsalter vun de Persounen, déi positiv getest goufen, läit bei 42 Joer.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 410.443 Tester gemaach. Vun den 16.964 Tester, déi de 27 . Juli duerchgefouert goufen, waren der 38 positiv.

Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 1.407 aktiv Infektioune ginn a 4.855 Persoune gëllen als geheelt.

Aktuell sinn 55 (-6) Patienten hospitaliséiert (dorënner och Verdachtsfäll, dat heescht Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Test waarden), 5 (-1) Patiente sinn aktuell op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 1.019 (+4) Mënschen d'Spidol nees verloossen.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,03. Wann den Taux ënnert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.

Back to Top
CIM LOGO