
Hei geet et bei Fro an Äntwert
An de Gespréicher tëschent dem Regierungschef an der AMMD wier leider keng Léisung fonnt ginn.
Déi meescht Doleance vun der Dokteschassociatioun kéinten net via Konventioun gereegelt ginn.
De Prinzip vum Konventionnement wier iwwerdeems net a Fro gestallt, heescht et aus dem Staatsministère.
Am Regierungsrot e Méinden goufen zwee Projeten fir groussherzoglech Reglementer ugeholl. Si sollen d’Relatiounen tëscht der Gesondheetskeess CNS an den Dokteren an Zänndokteren vum Hierscht u reegelen. Dat fir d’Konventioun z’ersetzen, déi d’AMMD leschten Oktober gekënnegt hat.