
En Dënschdeg géint 3 Auer moies ass enger Patrull vun der Police zu Wolz an der Rue Aneschbach e Gefier opgefall, bei deem d'Dier vun der Chaufferssäit op war. Am Auto selwer waren zwou Persounen. Wéi dës bemierkt hat, dass d'Police do ass, sinn déi zwou Persoune fortgelaf. D'Beamte vun der Police hunn doropshin direkt d'Poursuite opgeholl a konnten eng verdächteg Persoun no kuerzer Zäit stoppen. Wärend der Flucht hunn déi Verdächteg presuméiert geklaute Saachen, sou wéi méiglecht Geschier fir anzebriechen, verluer.
Am Kader vu weideren Ermëttlunge konnt de Verdächtegen, dee festgeholl gouf, mat engem weideren Abroch an en Auto an der selwechter Strooss, an der selwechter Nuecht, a Verbindung bruecht ginn. Op Uerder vum Parquet gouf déi verdächteg Persoun festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.
E Mëttwoch um kuerz virun hallwer 9 owes gouf der Police dann nach en Abroch an en Auto an der Stad gemellt, méi genee an der Rue Jean-Pierre Probst. Aus dem Auto gouf e Rucksak geklaut, an deem ënnert anerem en iPad war. Mat Hëllef vun der agebauter Lokaliséierung vum Apparat, konnt de Standuert séier ermëttelt ginn.
Zu Bouneweg sinn d'Beamten op eng Persoun gestouss, déi e Rucksak bei sech hat, op deen d'Beschreiwung vum geklaute Rucksak gepasst huet. Bei der Kontroll gouf doranner och effektiv en iPad fonnt. Déi verdächteg Persoun koum op de Policebüro, den iPad ass un de Besëtzer zeréckgaangen. De Mann, dee festgeholl gouf, koum an de Centre de rétention.
E Mëttwoch den Owend, géint 17:50 Auer, gouf der Police en Déifstall an engem Supermarché am Houwald gemellt. Op der Plaz kruten d'Beamten e presuméierten Täter vum Sécherheetspersonal presentéiert. Éischten Informatiounen no soll de Mann e Portmonni geklaut hunn, dee bei enger Cliente am Caddie louch. Wéi der Cliente dëst opgefall ass, huet de Verdächtegen de Portmonni ewechgehäit an ass fortgelaf. Hie konnt allerdéngs vum Sécherheetspersonal festgehale ginn, bis d'Police ukomm ass.
De Verdächtege gouf op de Policebüro bruecht, de Virfall gouf protokolléiert.
E Mëttwoch um kuerz virun 11 Auer moies huet eng Persoun en Déifstall vun engem E-Bike gemellt, dat zu Ëlwen an der Rue d'Asselborn. Well um elektresche Vëlo en AirTag dru war, konnt dësen an der Rue de la Faïencerie an der Stad lokaliséiert ginn. Wéi d'Beamten op d'Plaz komm sinn, konnt hei allerdéngs kee Vëlo fonnt ginn, dat well d'Date vun der Lokaliséierung zäitversat iwwermëttelt goufen.
De Besëtzer huet de Beamten dunn ëmmer nees déi aktualiséiert Standuert-Donnéeën vum Vëlo geschéckt.Wéi sech d'Distanz tëscht den eenzelen Lokaliséierungen ëmmer méi séier vergréissert huet, ass de Verdacht opkomm, dass den E-Vëlo mat ëffentleche Verkéiersmëttel transportéiert gouf. Op Grond dovunner goufe verschidde Linne-Busser kontrolléiert.
Schlussendlech konnt zu Péiteng eng Verdächteg Persoun mam gesichten E-Bike ugetraff ginn. De Mann gouf du mat op de Police-Büro geholl, de Fall gouf protokolléiert, dann E-Bike ass zeréck un de Besëtzer gaangen.