Coronavirus zu Lëtzebuerg1 Doudesaffer méi, vun 1.167 PCR-Tester waren der 179 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, op 1.154 geklommen ass.
© RTL-Grafik

Aktuell si 19 Persounen hospitaliséiert, dovunner leien den Ament zwee Patienten op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 1.291.922 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 134 waren ergänzend Dosen, wärend keen eng zweet Dosis krut a fir eng Persoun war et déi alleréischt Impfung.

D’Reproduktiounszuel läit bei 1,02. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

D’Statistike vun der Santé am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO