CGDIS1 Doudesaffer no Autosbrand op der Konsdrëffer Millen

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt huet e Samschdeg den Owend géint 22.45 Auer op der Konsdrëffer Millen en Auto gebrannt.
© Samu / Domingos Oliveira

Nieft dem Ettelbrécker Samu waren och d’Pompjeeë vu Konsdref op der Plaz. Eng Persoun ass bei dem Brand ëm d’Liewe komm.

Da gouf et nach en Accident kuerz virun 22 Auer um CR126 tëscht dem Waldhaff an dem Stafelter. Hei waren 2 Autoen net laanschtenee komm. Et goufen 2 Ambulanzen op d’Plaz geruff, vu Jonglënster an aus der Stad. Da waren och d’Pompjeeë vun Nidderaanwen a Walfer am Asaz, grad ewéi de Samu aus der Stad. Eng Persoun gouf verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO