
16 Méint nodeems u sech en Urteel an enger Affär vu Coups et blessures volontaires hätt solle gesprach ginn, koum et en Donneschdeg am Nomëtten um Stater Geriicht dozou.
Du gouf e Mann nämlech zu engem Joer Prisong an zu enger Geldstrof vun 1.000 € condamnéiert, well hien am Abrëll 2015 virun enger Disko zu Péiteng en anere mat der Fauscht an d'Gesiicht geschloen hat. Dee Mann krut haut 2.000 € Schuedenersatz zougesprach.
D'Urteel hat sou laang op sech waarde gelooss, well fir d'éischt eng Expertise de Schued vum Affer feststelle sollt. Dora war constatéiert ginn, dass d'Affer scho Lesioune virun der Dot hat an et deemno keen Zesummenhank mat de Streech gouf, déi de Mann virun iwwer 5 Joer kritt hat.