Prime participativeBannent fënnef Joer huet sech d'Zuel vun de Primme verdräifacht

François Aulner
An enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro huet de Finanzminister Gilles Roth déi Zuele matgedeelt.
Firwat dauert et sou laang?
Firwat dauert et sou laang?
© ARNE DEDERT/dpa Picture-Alliance via AFP

Déi sougenannt "Primes participatives" ginn ëmmer méi populär. Wéi déi steierlech favoriséiert Mesure 2021 agefouert gi war, hate ronn 14.000 Salariéen eng kritt. D’lescht Joer waren et der scho méi wéi 43.000 – also méi ewéi 3 Mol esouvill.

Betriber kënnen hire Salariéen eng Prime participative ginn, déi, jee no Conditiounen, bis zu 50 Prozent ka steierfräi sinn. 2025 war de Regime vun deene Primmen erweidert ginn.

Den Total vun den Exemptiounen ass vu ronn 63 op 215 Milliounen Euro gewuess an den Déchêt fiscal (de Verloscht u Recettë fir de Staat) bei engem duerchschnëttlechen Taux vu 25 Prozent vu 16 op bal 54 Milliounen Euro.

Dat alles liest een en Dënschdeg an der Äntwert vum Finanzminister Gilles Roth op eng parlamentaresch Fro vun der grénger Deputéiert Sam Tanson.

Back to Top
CIM LOGO